E Mëttwoch stoung eng ustrengend Biergetapp iwwert 130 Kilometer vu Saint-Gaudens op Peyragudes um Programm, bei där den Tadej Pogacar als Éischten iwwert d’Ligne d’Arrivée fuere konnt. Zäitgläich kënnt de Jonas Vingegaard als Zweeten zu Peyragudes un. Den Drëtte gëtt de Brandon McNulty op 32 Sekonnen. Am General huet de Vingegaard elo nach eng Avance vun 2 Minutten an 18 Sekonnen.
De Wout van Aert huet iwwerdeems säi grénge Maillot no der Course vun e Mëttwoch sécher. Elo muss hien et just nach bis op Paräis packen, fir sech als beschte Sprinter vun dësem Tour an d’Geschicht androen ze kënnen.
Aus Lëtzebuerger Siicht sollt d’Etapp fir ee vun deenen zwee Coureuren net gutt ufänken. De Kevin Geniets gouf kuerz nom Start direkt vum Peloton distanzéiert an huet missen des Ëfteren no medezinescher Ënnerstëtzung froen. Am Verlaf vun der Course war et dem Geniets net méi méiglech, un de Peloton opzeschléissen, soudatt hien op déi aner Coureure vill Zäit verluer huet. De Kevin Geniets kënnt e Mëttwoch als 141. mat engem Retard vun 33 Minutten an enger Sekonn iwwert Zillinn.
Fir de Bob Jungels ass et besser gelaf. De Lëtzebuerger konnt sech mat anere Fuerer an deene leschten zwee Kilometer vum Col d’Aspin, dem éischte Bierg vum Dag, aus dem Peloton ofsetzen. Hinnen ass et gelongen, bei de Spëtzenduo opzeschléissen.
An der zweetleschter Schwieregkeet vum Dag ass et dunn zum Zesummeschloss mat Vingegaard, Pogacar a McNulty komm, déi sech doropshin ofsetze konnten. Am véierten a leschte Bierg vun der Etapp sollt Decisioun ëm d’Victoire falen. Am Schlusssprint konnt sech den Tadej Pogacar virum Jonas Vingegaard duerchsetzen. Als Drëtte koum de Brandon Mc Nulty iwwert Zillinn.
De Bob Jungels ass iwwerdeems de 15. op 5 Minutten an 23 Sekonne ginn. Am General gewënnt de Bob Jungels eng Plaz. Hien ass elo de 14. mat 31 Minutten a 35 Sekonne Retard. De Kevin Geniets verléiert dogéint dräi Plazen. Hien ass elo den 53. op 2 Stonnen, 17 Minutten an 45 Sekonnen.
