20.-24. September 2023Den Tour de Luxembourg ass dat nächst Joer eng Woch méi spéit

RTL Lëtzebuerg
Déi 83. Editioun ass vu mëttwochs, den 20. September bis sonndes de 24. September.

Dat nächste Joer steet een net direkt a Konkurrenz mat der Weltmeeschterschaft. Déi ass nämlech schonns ugangs August zu Glasgow a Schottland.

Den Tour de Luxembourg ass och nach fir déi nächst 3 Joer an der sougenannter “ProSeries” mat dran. Dat hunn d’Organisateure matgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO