CyclocrossD'Marie Schreiber ass prett fir d'EM zu Namur

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend ginn zu Namur d'Europameeschterschaften am Cyclocross gefuer.
Avant Papier mam Marie Schreiber
Avant Papier Marie Schreiber

Op engem vun deene schwéierste Parcourse vun der Saison gehéiert d’Marie Schreiber an der U23-Kategorie vun de Dammen zu den Outsiderinnen. D’Course vun der 19 Joer jonker Sportlerin kënnt Dir e Sonndeg vun 13.10 Auer u live op RTL.lu kucken. Den Tom Flammang huet mam Marie Schreiber iwwer hir Ambitioune fir dës Course geschwat.

De Parcours bei der Citadelle vun Namur verlaangt de Sportler alles of. Vill Héichtemeter an technesch Descenten an deenen ee keng Feeler dierf maachen. D’Marie Schreiber ass no hirer 5. Plaz an der Elite-Course beim genee sou schwéiere Koppenberg Cross op Allerhellege prett fir de Weekend. Fir déi jonk Lëtzebuergerin war déi Course en Dënschdeg eng gutt Präparatioun fir d’EM zu Namur.

D’Hollännerinnen dominéieren den internationale Cyclocross. E Sonndeg hu si mam Puck Pieterse a Shirin van Anroij déi zwou ganz grouss Favoritinnen op den Titel. Do hannendru kënnt da schonn e Grupp vun 3-5 Dammen, zu deem och d’Marie Schreiber gehéiert. Hei Spillt d’Form um Dag selwer eng grouss Roll. An deem Grupp gëtt et spannend, wie sech nieft den zwee Favoritinnen déi drëtt Plaz um Podium séchere kann, sou d’Marie Schreiber.

Bei der Weltmeeschterschaft d’lescht Joer gouf et eng ganz staark 6. Plaz fir d’Lëtzebuergerin. Dës Saison huet si sech nach emol e Stéck verbessert, mee och d’Konkurrenz schléift net. Et gëtt eng schwéier Missioun fir e Resultat an der Top 5 ze maachen.

E Sonndeg um 13.15 Auer zielt et. Mat engem gudden Depart an enger technesch propperer Course wäert d’Marie Schreiber probéieren, sou gutt wéi méiglech vir matzefueren. Op dat gléckt, kënnt Dir Live vun 13.10 Auer u bei eis op RTL.lu am kommentéierte Stream kucken.

Back to Top
CIM LOGO