CyclocrossD'Marie Schreiber fiert beim Weltcup zu Tabor op déi 10. Plaz

RTL Lëtzebuerg
D'Victoire goung bei den Dammen un d'Fem van Empel. Bei den Hären huet sech den Eli Iserbyt duerchgesat.
© RTL Archiv

Zu Tabor an Tschechien ass d’Marie Schreiber an dëser Saison fir d’éischt am Weltcup gestart. Um Enn huet sech d’Lëtzebuergerin op der 10. Plaz mat engem Retard vun 48 Sekonne klasséiert. D’Fem van Empel ass als éischt iwwer d’Arrivée gefuer. Op d’Plazen 2 an 3 sinn déi zwou aner Hollännerinne Puck Pieterse an Annemarie Worst mat engem Réckstand vun 3 a 4 Sekonnen op d’Gewënnerin gefuer.

Bei den Hären huet sech de Belsch Eli Iserbyt mat engem Virsprong vu 5 Sekonnen op den Hollänner Lars van der Haar d’Victoire geséchert. De Podium gouf vum Michael Vanthourenhout komplettéiert. Hien hat e Retard vu 26 Sekonnen.

D’Klassement vun den Dammen

1 VAN EMPEL Fem PAUWELS SAUZEN - BINGOAL 53:32
2 PIETERSE Puck ALPECIN - DECEUNINCK 0:03
3 WORST Annemarie 777 0:04
4 BETSEMA Denise PAUWELS SAUZEN - BINGOAL 0:08
5 VAS Blanka Kata 0:09
6 ALVARADO Ceylin Del Carmen ALPECIN - DECEUNINCK 0:26
7 VAN ANROOIJ Shirin BALOISE TREK LIONS 0:30
8 VAN DER HEIJDEN Inge 777 0:42
9 VAN ALPHEN Aniek 777 0:45
10 SCHREIBER Marie TORMANS CYCLO CROSS TEAM 0:48

D’Klassement vun den Hären

1 ISERBYT Eli PAUWELS SAUZEN - BINGOAL 1:02:43
2 VAN DER HAAR Lars BALOISE TREK LIONS 0:05
3 VANTHOURENHOUT Michael PAUWELS SAUZEN - BINGOAL 0:26
4 SWEECK Laurens CRELAN - FRISTADS 0:32
5 HERMANS Quinten TORMANS CYCLO CROSS TEAM 0:43

Back to Top
CIM LOGO