Fokus op de WeltcupD'Marie Schreiber fiert eng besser Saison wéi erwaart

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Courssen ass dat jonkt Cyclocross-Talent ëmmer nees an d'Top Ten vum Klassement gefuer.
© AFP

D’Marie Schreiber ass dat gréisste Cyclocross Talent, dat et bis elo hei zu Lëtzebuerg gouf. Bei de leschte Weltcup-Courssen ass déi 19 Joer al Athletin reegelméisseg an d’Top Ten gefuer. An dat léisst méi wéi hoffe fir d’Zukunft.

Gutt Saison vun der Marie Schreiber / Reportage Rich Simon

De leschte Weekend zu Val di Sole an Italien ass d’Marie Schreiber op déi 6. Plaz gefuer. An am U23-Klassement war et esouguer déi 2. Plaz. Datt et dëst Joer schonns esou gutt géif lafen, domadder hat d’Lëtzebuergerin selwer net gerechent.

Ech hat am Ufank vun der Saison net geduecht, datt ech esou gutt géif ufänken an esou reegelméisseg gutt Resultater géif afueren. Et ass bis elo definitiv besser gaangen, wéi ech mir dat erwaart hat. Ech hat gehofft, besser ze fuere wéi dat lescht Joer. Datt et awer elo esou gutt geet, hätt ech net geduecht.”

Bis zu der Weltmeeschterschaft Ufank Februar zu Hoogerheide an Holland stinn nach 4 Weltcup-Coursse fir d’Marie Schreiber um Programm.

Ech fueren elo nach alleguerten d’Worldcup-Coursse bis zu der WM, well de Worldcup mäin Haaptzil vun der Saison war. Verschidde Leit fokusséiere sech op Superprestige oder esou. Bei mir war dat awer de Worldcup, well et do och vill méi Punkte ginn. Ech sinn zwar déi zwee éischt an Amerika net gefuer, trotzdeem sinn ech elo dat 7. am Klassement. Ech wëll déi leschte Worldcup-Coursse fueren, fir esou wäit wéi méiglech vir am Klassement ze bleiwen.”

Déi nächste Wochen, ass den internationale Cyclocross Kalenner méi wéi voll. D’Marie Schreiber geet awer net iwwerall un den Depart.

Ech huelen a sech net eraus, mä ech fueren no Chrëschtdag e puer Coursse manner, wéi verschidden anerer. Fir da fir d’Worldcup-Coursse gutt a Form ze sinn.”

Bis e Samschdeg ass d’Marie Schreiber nach an engem Trainingslager a Spuenien.

Back to Top
CIM LOGO