CyclocrossD’Marie Schreiber fiert op eng staark 5. Plaz

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg ass déi jonk Lëtzebuergerin am Weltcup zu Dublin un den Depart gaangen.
© Jeff Gloden

Un der Spëtzt gouf et iwwerdeems, wéi och schonn zu Antwerpen, nees en hollännesche Podium. D’Fem van Empel ass no 47 Minutten an 13 Sekonnen als éischt iwwer d’Arrivée gefuer an hat domat just 2 Sekonnen Avance op d’Puck Pieterse. D’Denise Betsema ass mat engem Retard vun 1:37 Minutten als 3. ukomm, wärend d’Marie Schreiber no enger staarker Leeschtung mat engem Réckstand vun 2:27 Minutten 5. gëtt.

D’Klassement bei den Dammen

1 VAN EMPEL Fem 47:13
2 PIETERSE Puck +0:02
3 BETSEMA Denise +1:37
4 VAN DER HEIJDEN Inge +2:26
5 SCHREIBER Marie +2:27
6 BAKKER Manon +3:39
7 FERRAND-PREVOT Pauline +4:39
8 MCGILL Sidney +4:50
9 COUZENS Millie +4:53
10 MOORS Fleur +5:22

Bei den Häre war et iwwerdeems de Belsch Wout van Aert, dee sech d’Victoire mat 14 Sekonnen Avance op säi Landsmann Laurens Sweeck séchere konnt. Den Tom Pidcock ass an enger enker Course mat engem Retard vu 17 Sekonnen den 3. ginn.

D’Klassement bei den Hären

1 VAN AERT Wout 59:36
2 SWEECK Laurens +0:14
3 PIDCOCK Tom +0:17
4 VAN DER HAAR Lars +0:19
5 VANTHOURENHOUT Michael +0:22
6 ADAMS Jens +0:33
7 ISERBYT Eli +0:35
8 RONHAAR Pim +0:37
9 VAN KESSEL Corné +0:46
10 MASON Cameron +0:58

Back to Top
CIM LOGO