CyclocrossD'Marie Schreiber fiert zu Maasmechelen op déi 12. Plaz

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin ass mat engem Retard vun 2 Minutten a 5 Sekonnen hannert der Gewënnerin Fem van Empel iwwer d'Arrivée gefuer.
© RTL Archiv

Um Sonndeg gouf zu Maasmechelen an der Belsch en UCI-Weltcup gefuer. D’Marie Schreiber huet sech op der 12. Plaz klasséiert.

D’Fem van Empel huet sech bei den Dammen um Enn mat enger klenger Avance vun 3 Sekonnen op d’Puck Pieterse duerchgesat. Op déi drëtt Plaz koum d’Shirin van Anrooij mat engem Retard vu 6 Sekonnen. De Podium war domadder komplett an hollännescher Hand. D’Maité Barthels, d’Isabelle Klein an d’Liv Wenzel hu sech d’Plaze 56 bis 58 geséchert. D’Layla Barthels gouf dat 61..

Bei de Männer goung déi éischt Plaz un de Laurens Sweeck aus der Belsch. Hien hat eng Avance vun 13 Sekonnen op den Hollänner Lars van der Haar. Op d’Plaz 3 koum den zweete Belsch Eli Iserbyt mat engem Réckstand vun 20 Sekonnen.

De Noa Berton ass bei de Juniore bei der Victoire vum Guus van den Eijnden de 34. op 2 Minutten a 46 Sekonne ginn. De Mats Berns gouf den 51. op 5 Minutten a 37 Sekonnen. Op d’Plaze 54 a 56 sinn de Rick Meylender an de Fynn Ury gefuer.

Back to Top
CIM LOGO