
De Podium war bei den Damme komplett an hollännescher Hand. Déi zweet Plaz goung un d’Puck Pieterse mat engem Retard vu 37 Sekonnen. D’Fem van Empel ass mat engem Réckstand vu 54 Sekonnen op déi 3. Plaz gefuer. D’Marie Schreiber hat op der 16. Plaz e Retard vu 5 Minutten a 4 Sekonnen.
Bei den Hären gouf et eng kloer Victoire vum Belsch Wout van Aert. Hien hat eng Avance vun enger Minutt an 23 Sekonnen op den Hollänner Mathieu van der Poel. Drëtte gouf de Laurens Sweeck och aus der Belsch. Hien hat e Réckstand vun enger Minutt an 31 Sekonnen op de Vainqueur.
1 VAN ANROOIJ Shirin Baloise Trek Lions 51:44
2 PIETERSE Puck Alpecin - Deceuninck +0:37
3 VAN EMPEL Fem +0:54
4 BRAND Lucinda Baloise Trek Lions +1:46
5 ALVARADO Ceylin Del Carmen Alpecin - Deceuninck +2:10
6 VAN DER HEIJDEN Inge 777 +2:27
7 WORST Annemarie 777 +2:41
8 VAS Blanka Kata +2:59
9 BURQUIER Line +3:35
10 VERDONSCHOT Laura +3:41
...
16 SCHREIBER Marie Tormans Cyclo Cross Team + 5:04