
Bei den Damme konnt déi jonk Lëtzebuergerin Marie Schreiber sech mat enger Zäit vu 45 Minutten an 33 Sekonnen d’Victoire sécheren. D’Maïté an d’Layla Barthels kommen op d’Plazen 23 a 25, dat mat engem Retard vu 6:34 respektiv 7:01 op d’Marie Schreiber.
Bei den Häre wënnt den Däitsche Marcel Meisen mat enger Avance vun 0:18 respektiv 1:35 op déi zwee Belsch Niels Vandeputte a Lukas Vanderlinden.