Internationale CyclocrossD'Marie Schreiber mat zweeter Victoire bannent zwee Deeg

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war zu Bensheim an Däitschland d’Elite an d'U19 Course am internationale Cyclocross vun der 2ter Kategorie bei den Dammen a bei den Hären.
© RTL (Archiv)

Nodeems d’Marie Schreiber e Samschdeg zu Lützelbach schonns eng Victoire agefuer ass, sollt e Sonndeg eng weider dobäi kommen. D‘Lëtzebuergerin Espoirs Championne konnt sech bei der Elite no 43 Minutten an 20 Sekonnen als Gewënnerin feiere loossen. Sie hat am Zil eng Avance vu 7 Sekonne virum Aniek van Alphen aus Holland.

D‘Maité Barthels koum iwwerdeems op mat enger Zäit vun 48 Minutten a 37 Sekonnen op d’Plaz 21. D’Layla Barthels huet missen opginn.

Bei den U19 Junioren huet sech bei der Victoire vum Guus van den Elinden aus Holland de Rick Meylender mat engem Retard vu knappe 4 Minutten als 42. klasséiert.

Back to Top
CIM LOGO