
Hie war Deel vun enger Echappée, déi gutt zesummegeschafft huet. Mat dra waren och d’Lëtzebuerger Arno Wallenborn a Alexandre Kess. Um Enn gouf de Kess am Sprint den Drëtten, wärend de Wallenborn sech als 17. klasséiere konnt. Mat engem Retard vun zwou Minutte 27 sinn déi aner Lëtzebuerger Mathieu Kockelmann, Mats Berns, Mil Morang an Noé Ury iwwer d’Arrivée gefuer.
Den Decomble huet am General elo 6 Sekonnen Avance op den Dän Simon Dalby an de britteschen Etappegewënner Elliot Rowe. Beschte Lëtzebuerger ass den Arno Wallenborn op der 8. Plaz mat engem Retard vun 19 Sekonnen op de Leader. Den Alexandre Kess ass den 11. op 35 Sekonnen, de Mil Morang de 70. op dräi Minutten an zwou Sekonnen, de Mathieu Kockelmann den 72. op dräi Minutten an zwou Sekonnen, den Noé Ury den 121. op zéng Minutten an 53 Sekonnen an de Mats Berns den 129 op 13 Minutten an 41 Sekonnen.
Dem Alexandre Kess seng Reaktioun no der Arrivée:
Bei de Fraen ass d’Marie Schreiber am Sprint déi Drëtt ginn, dat hannert der Hollännerin Scarlett Souren an der Italieenerin Federica Venturelli. D’Liv Wenzel koum zäitgläich op déi 12. Plaz, d’Gwen Nothum ass als 74. iwwer d’Arrivée gefuer.
Am General féiert d’Isabella Holmgren aus Kanada. Si huet 17 Sekonnen Avance op d’Italieenerin Eleonora Ciabocco an d’Australierin Talia Appleton. D’Marie Schreiber ass op Plaz 26 déi aktuell beschte Lëtzebuergerin mat engem Retard vun enger Minutt. D’Liv Wenzel ass déi 34. op eng Minutt an d’Gwen Nothum huet als 73. e Retard vu 24 Minutten an 18 Sekonnen.
Hei d’Reaktioun vum Marie Schreiber: