Paris-Nice: 2. EtappDylan Groenewegen wënnt vum Wand dominéiert Etapp

RTL Lëtzebuerg
Den Hollänner Dylan Groenewegen wënnt och déi zweet Etapp vu Paris-Nice a bleift domat och de Leader am General.
Dylan Groenewegen wënnt vum Wand dominéiert Etapp
Den Hollänner Dylan Groenewegen wënnt och déi zweet Etapp vu Paris-Nice a bleift domat och de Leader am General.

E Méindeg goung et op der zweeter Etapp vu Paris-Nice iwwer 165,5 Kilometer vu Les Bréviaires op Bellegarde. Et war eng flaach Etapp, déi immens séier gefuer ginn ass an déi vum staarke Wand gepräägt ginn ass. De Peloton ass direkt e puer mol zerfall an esou si vill klenger Gruppen entstanen. Um Enn ass dann awer eng gréisser Grupp zesummen ukomm, wou och de Bob Jungels mat dobäi war. De Lëtzebuerger war awer net déi ganzen Zäit am éischte Grupp, hien huet laang misse kämpfen an huet eréischt knapp 10 Kilometer virun der Arrivée den Uschloss un de Spëtzegrupp fonnt. Hei sinn op en Neits Lächer entstanen an um Enn huet den Dylan Groenewegen och déi zweet Etapp gewonnen, dat am Sprint aus engem Grupp mat 7 Leit eraus. De Bob Jungels an de Jempy Drucker si mat 5 Sekonne Retard am zweete Grupp an d’Zil komm a kommen op d’Plaze 25, respektiv 16. Den Alex Kirsch verléiert als 65. 2 Minutten an 1 Sekonn. Am General bleift den Dylan Groenewegen un der Spëtzt. Hei ass den Drucker de 16. op 25 Sekonnen, de Jungels den 34. op 35 Sekonnen an de Kirsch de 46. op 2 Minutten an 21 Sekonnen.

© twitter/ParisNice

Resumé vun der Etapp

Direkt nom Start hu sech mam Damien Gaudin (Direct Energie), Nicolas Edet (Cofidis) an Alessandro De Marchi (CCC) dräi Coureuren aus dem Stëbs gemaach. De Gaudin, deen e Sonndeg de Maximum vun 8 Punkten an der Biergwäertung sammele konnt an domat och am Biergtrikot ënnerwee war, ass dann och e Méindeg bei Kilometer 26,5 als Éischten iwwer d’Côte de Senlisse gefuer a konnt esou 4 weider Punkte sammelen.

Am Peloton war den Tempo awer och vun Ufank u ganz héich an esou ass dësen och ëmmer nees auserneegefall. No 36,5 Kilometer war de Spëtzegrupp dann och nees ageholl. De Moment ass de Peloton dunn och nees méi grouss ginn an et koumen nees Coureure vun hanne bäi.

Bei enger klenger Chute am Peloton huet de Warren Barguil vun der Ekipp Arkéa Samsic sech blesséiert an hien huet missen an d’Spidol, woumat d’Course fir hien eriwwer war.

An dëser Phas goufen et dunn och weider Bordüren, esou dass de Peloton nees a lauter kleng Gruppen zerfall ass an dorënner hunn och d’Lëtzebuerger gelidden. Kee vun hinnen huet et fäerdegbruecht, de Sprong an de Grupp ganz vir ze packen.

Et gouf elo vill Gruppen, am éischte Grupp war de Gewënner vun e Sonndeg an domat och de Leader am General, den Dylan Groenewegen mat dobäi, genau sou wéi de Quintana, Roelandts, Trentin, Maes, Garcia, Grossschartner, Bardet, Gallopin, Naesen, Vandenvergh, Bernal, Rowe, Kwiatkowski, Degenkolb, Demare, Molard, Gilbert, Kittel, Greipel, Jansen, Wynants, Kelderman, Heisel.

An deem zweete Grupp waren de Caleb Ewan an de Fabio Jakobsen ënnert anerem mat dobäi, déi waren e Sonndeg jo op d’Plazen 2 an 3 komm. De Bob Jungels war zesumme mam Simon Yates am drëtte Grupp ënnerwee.

Knapp 40 Kilometer virun der Arrivée hat de Michal Kwiatkowski dunn ee Platten an esou ass hien zeréckgefall. Ronn 30 Kilometer virun der Arrivée ass den zweete Grupp dunn nees méi grouss ginn, well ënnert anerem de Bob Jungels an de Jempy Drucker opschléisse konnten an dëse Grupp huet sech dunn op d’Poursuite gemaach. 25 Kilometer virum Zil hate si awer nach ee Retard vu 50 Sekonnen.

10 Kilometer virun der Arrivée konnt de Grupp mam Bob Jungels a Jempy Drucker dunn zur Spëtzt opschléissen. Am Uschloss goufen et awer an dësem Grupp och nees Lächer an de Bob Jungels konnt sech awer nach vir unhalen, och wann hien zweemol e Lach huet misse ganz eleng zoufueren, domat ënnersträicht de Lëtzebuerger Champion seng staark Form.

Dëse Grupp ass dunn awer op en Neits gespléckt ginn an du konnt och de Bob Jungels net méi matgoen an hien huet sech nees zeréckfale gelooss.

Ee Grupp vu 7 Leit ass dunn zesummen op d’Ligne d’Arrivée komm an do konnt sech am Sprint op en Neits den Dylan Groenewegen duerchsetzen, dat virum Garcia an dem Gilbert.

De Bob Jungels an de Jempy Drucker si mat 5 Sekonne Retard am zweete Grupp an d’Zil komm.

Klassement vun der Etapp

1 Groenewegen Dylan Team Jumbo-Visma 3:14:04
2 García Iván Bahrain Merida ,,
3 Gilbert Philippe Deceuninck - Quick Step ,,
4 Trentin Matteo Mitchelton-Scott ,,
5 Kwiatkowski Michał Team Sky ,,
6 Sánchez Luis León Astana Pro Team ,,
7 Bernal Egan Team Sky ,,
8 Démare Arnaud Groupama - FDJ 0:05
9 Greipel André Team Arkéa Samsic ,,
10 Teunissen Mike Team Jumbo-Visma ,,
...
16. Jempy Drucker 0:05
25. Bob Jungels 0:05
65. Alex Kirsch 2:01

General no der 2. Etapp

1 Groenewegen Dylan Team Jumbo-Visma
2 Kwiatkowski Michał Team Sky 0:12
3 Sánchez Luis León Astana Pro Team 0:13
4 Gilbert Philippe Deceuninck - Quick Step 0:16
5 Bernal Egan Team Sky 0:19
6 Trentin Matteo Mitchelton-Scott 0:20
7 Gallopin Tony AG2R La Mondiale 0:22
8 Molard Rudy Groupama - FDJ 0:23
9 Bardet Romain AG2R La Mondiale ,,
10 Naesen Oliver AG2R La Mondiale 0:24
...
16. Jempy Drucker 0:25
34. Bob Jungels 0:35
46. Alex Kirsch 2:21

Back to Top
CIM LOGO