"E Vëlo fir de Muli"E Buch vum Catherine Anen, illustréiert vum Christine Majerus

Tim Hensgen
No enger Chute Enn August beim Tour duerch Holland huet d'Christine Majerus bannent 4 Wochen 2 Mol u sengem lénke Schlësselbeen missen operéiert ginn.
"E Vëlo fir de Muli"
No enger Chute Enn August beim Tour duerch Holland huet d’Christine Majerus bannent 4 Wochen 2 Mol u sengem lénke Schlësselbeen missen operéiert ginn.

D’Sportlerin vum Joer schafft aktuell un hirem Comeback, huet d’Zäit ouni Vëlo genotzt, fir kreativ bei engem private Projet matzehëllefen. D’Catherine Anen, d’Duechter vum Christine Majerus sengem Mecanicien am Cyclocross, huet senger Niess eng Geschicht geschriwwen. An déi huet d’Proficyclistin illustréiert.

Dem Iesel Muli säin Dram ass et, endlech säin eegene Vëlo ze hunn, fir mat senger beschter Frëndin Mia kënne fueren ze goen. Aus enger léiwer Geschicht an engem Privat-Projet ass um Enn méi ginn. D’Christine Majerus huet dem Catherine Anen seng Wierder illustréiert. D’Famill war begeeschtert.

Genee ewéi de Mulli wéilt d’Christine Majerus am léifsten och de ganzen Dag Vëlofueren. Mee no den zwou Operatioune muss d’Lëtzebuerger Championne et roueg ugoe loossen.

Schwéieren Häerzens huet d’Christine Majerus decidéiert, dëse Wanter kee Cyclocross ze fueren a sech komplett op d’Stroossesaison ze konzentréieren. Et gëtt wéinst der Quali vun den olympesche Spiller 2024 zu Paräis e wichtegt Joer. An dofir huet d’Christine Majerus hire Kontrakt bei SD Worx ëm 2 Joer verlängert, och wann et aner Offere gouf.

D’Olympesch Spiller virun der Hausdier, fir hir Karriär ofzeschléissen an e Vëlo fir de Muli. Mir hoffen, dass fir déi zwee hir Wënsch an Erfëllung ginn.

Back to Top
CIM LOGO