Vuelta: 5. EtappÉischt spuenesch Victoire duerch de Marc Soler

RTL Lëtzebuerg
Op der 5. Etapp vun der Vuelta ass et e Mëttwoch iwwer 187 Kilometer vun Irún op Bilbao gaangen. Dobäi huet de roude Maillot de Besëtzer gewiesselt.
© AFP

E Mëttwoch gouf et iwwerdeems déi éischte spuenesch Victoire bei der Vuelta am Joer 2022. Dëst nodeems de MarcSoler sech 15 Kilometer virun der Arrivée vu senge Konkurrenten distanzéiere an als Éischten iwwert de wäisse Stréch fuere konnt. Als Zweeten ass de Südafrikaner DarylImpey op der Arrivée ukomm. Drëtte gëtt de Britt FredWright. Allebéid komme se mat engem Retard vu 4 Sekonnen op den 28 Joer ale Spuenier un.

De BobJungels konnt den Tempo op der 5. Etapp net ganz matgoen. Hie kënnt hannert dem Peloton als 100. op der Zillinn un. Dëst mat engem Retard vun 9 Minutten a 47 Sekonnen. Den AlexKirsch gëtt den 138. op 15 Minutten a 5 Sekonnen.

Am General verléiert de PrimožRoglič de Maillot vum Leader. Dësen iwwerhëlt de Fransous RudyMolard. Hien huet eng Avance vun zwou Sekonnen op de FredWright. Op der dräi läit den NikiasArndt mat engem Retard vun enger Minutt an 9 Sekonnen. De BobJungels steet den Ament mat engem Retard vu 15 Minutten an 53 Sekonnen op der 84. Plaz. Den AlexKirsch fält zeréck op déi 134. Plaz. Hien huet elo e Retard vun 29 Minutten an 13 Sekonnen.

D’Klassement vun der Etapp

1 SOLER Marc UAE Team Emirates 4:15:23
2 IMPEY Daryl Israel - Premier Tech 0:04
3 WRIGHT Fred Bahrain - Victorious ,,
4 MOLARD Rudy Groupama - FDJ ,,
5 CRADDOCK Lawson Team BikeExchange - Jayco ,,
6 ARNDT Nikias Team DSM 15
7 LANGELLOTTI Victor Burgos-BH ,,
8 PRONSKIY Vadim Astana Qazaqstan Team ,,
9 MÜHLBERGER Gregor Movistar Team ,,
10 ADRIÀ Roger Equipo Kern Pharma ,,
...
100 JUNGELS Bob ,AG2R Citroën Team 9:47
138 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 15:05

De General

1 MOLARD Rudy Groupama - FDJ 16:07:22
2 WRIGHT Fred Bahrain - Victorious 0:02
3 ARNDT Nikias Team DSM 1:09
4 CRADDOCK Lawson Team BikeExchange - Jayco 2:27
5 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 4:09
6 KUSS Sepp Jumbo-Visma 4:22
7 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers 4:35
8 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers ,,
9 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 4:36
10 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 4:42
...
84 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 15:53
134 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 29:13

Back to Top
CIM LOGO