Jonk Cyclisten am AsazEn Zäitfueren de Wëntrenger Bierg erop

Tom Flammang
Den Dënschdeg am spéiden Nomëtteg op der Musel waren déi jonk Cyclisten tëscht 14 a 16 Joer am Asaz, fir en Zäitfueren de Wëntrenger Bierg erop.

Dëst ass en Exercice, deen d’Joergäng 2006 an 2007 zanter Joren ëmmer nees beim Training maachen. Am Ofstand vun 30 Sekonnen sinn d’Sportler de Wëntrenger Bierg eropgefuer.

Fir d’Motivatioun dierft deene meeschten jonke Sportler e klenge Bléck op d’Beschtzäiten aus de leschte Joren duergoen. Do sinn Nimm dobäi, déi och op der grousser Bün schonn Erfolleger konnte féieren. En Dënschdeg stoung de Wand awer net optimal, fir un d’Spëtzenzäiten erunzekommen.

Um Enn krut jiddweree seng Zäite gesot an de RDV fir e weidert Zäitfueren den nächsten Dënschdeg fixéiert, dann awer op flaachem Terrain laanscht d’Musel.

En Zäitfueren de Bierg erop
Déi 14 bis 16 Joer jonk Cyclisten a Cyclistinnen hate sech e leschten Dënschdeg Rendezvous virum Wëntrenger Bierg ginn.

Back to Top
CIM LOGO