Tour duerch d'RomandieEthan Hayter setzt sech am Sprint duerch

RTL Lëtzebuerg
Op der 2. Etapp vum Tour de Romandie an der Schwäiz goung et en Donneschdeg iwwer 162,7 Kilometer vu Morteau op La Chaux-de-Fonds.
© Val Wagner

An do gouf d’Etapp am Sprint decidéiert. De Britt Ethan Hayter hat no 3 Stonnen, 55 Minutten an 20 Sekonnen déi beschte Been an huet den Juan Ayuso a Romain Bardet op d’Éiereplaze verdrängt. De Bob Jungels fiert als 68. iwwert d’Arrivée mat engem Retard vun 1 Minutt 40 op de Vainqueur. De Luc Wirtgen gëtt de 74. op 3 Minutten 08, den Arthur Kluckers den 125. op 13 Minutte 27.

Am Generalklassement ass den Ethan Hayter elo neie Leader, 6 Sekonnen op den Tobias Foss an den Rémi Cavagna. De Bob Jungels fält op déi 63. Plaz, dat mat engem Retard vu just iwwer zwou Minutten op de Leader. Wirtgen a Kluckers léien hei op de Plazen 118 (+14'51'’) an 127 (+24'32'’).

D’Top 10 vun der Etapp

1 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 3:55:20
2 AYUSO Juan UAE Team Emirates ,,
3 BARDET Romain Team DSM ,,
4 SOBRERO Matteo Team Jayco AlUla ,,
5 ONLEY Oscar Team DSM ,,
6 SWEENY Harry Lotto Dstny,,
7 GOOSSENS Kobe Intermarché - Circus - Wanty ,,
8 CORT Magnus EF Education-EasyPost ,,
9 FISHER-BLACK Finn UAE Team Emirates ,,
10 SCHULTZ Nick Israel - Premier Tech ,,

D’Generalklassement

1 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 8:08:14
2 FOSS Tobias Jumbo-Visma 0:06
3 CAVAGNA Rémi Soudal - Quick Step ,,
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates 0:11
5 SOBRERO Matteo Team Jayco AlUla 0:14
6 OLIVEIRA Nelson Movistar Team 0:15
7 BARDET Romain Team DSM 0:17
8 CASTROVIEJO Jonathan INEOS Grenadiers ,,
9 FISHER-BLACK Finn UAE Team Emirates ,,
10 KEPPLINGER Rainer Bahrain - Victorious 0:18

Back to Top
CIM LOGO