VëlossportFamill Kirsch ass prett fir eng weider Saison

RTL Lëtzebuerg
Och wann den Alex Kirsch nach keng eege Victoiren opweises huet, esou huet hie sech an 10 Joer als Profi zu engem ganz wichtege Fuerer entwéckelt.
Portrait Alex Kirsch
Och wann den Alex Kirsch nach keng eege Victoiren opweises huet, esou huet hie sech an 10 Joer als Profi zu engem ganz wichtege Fuerer entwéckelt.

Energie fir déi laang Saison tankt den 31 Joer ale Coureur bei senger klenger Famill zu Andorra.

Ganz gutt huet den Alex Kirsch an de leschte Woche mat Trek-Segafredo op der Costa del Sol geschafft. Ma och wa kee Stage ass, rullt hie vill iwwert spuenesch Stroossen. Dacks mam italieeneschen Teamkolleeg Jacobo Mosca an um Enn vum Training geet et dann zeréck an Andorra, méi genau op Ordino op 1.300 Meter. Mat senger Fra Sophie wollt hie virun annerhallwem Joer nach emol eppes Neits entdecken.

Viru gutt zwee Joer koum den Nicolas op d’Welt, d’Hilda de leschten Hierscht. Wann den Alex Kirsch net mat Stagen, Courssen oder um Training ënnerwee ass, hëlt hie sech vill Zäit fir seng kleng Famill.

Nom Omloop het Nieuwsblaad steet Ufank Mäerz Paris-Nice un, da geet et direkt weider mam Monument Mailand-San Remo an duerno fiert den Alex Kirsch déi belsch Klassiker bis Paris-Roubaix den 9. Abrëll. Dat freet d’Grousselteren, well d’Famill da vill zu Lëtzebuerg ass, ma och fir den Alex Kirsch ass et eng besonnesch Zäit.

Als “Capitaine de Route” an entscheedenden Ufuerer fir Victoiren am Sprint geet et duerno an de Giro d’Italia. Am Summer ass dann nees den Tour de France virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO