
De Kevin Vauquelin ass de Mann fir d’Generalklassement. Den Zweete vum Tour de Luxembourg aus dem leschte Joer ass en excellente Rouleur a wäert probéieren an de Bierger drun ze bléiwen. De Michel Ries an de Clément Champoussin wäerten dem Vauquelin an de Bierger zur Säit stoen. Am Fall vun engem Sprint setzt een op de Hollänner David Dekker an de Britt Daniel McLay.
De Michel Ries geet a seng 5. Saison op héchstem Niveau. De Coureur vun Arkéa Samsic feiert den 11. Mäerz seng 25 Joer an ass gutt duerch de Wanter komm. A senger zweeter Saison bei der franséischer Ekipp huet een ambitionéiert Ziler an et schafft ee professionell.
De Giro d’Italia steet am Programm vum Michel Ries. Dat géif den 2. groussen Tour an der Karriär vum Lëtzebuerger ginn. 2020 war hie fir Trek - Segafredo d`Vuelta gefuer.
Déi 5. Etapp vu Paris-Nice wéise mer vun 15.25 Auer u live.