Critérium du Dauphiné: 4. EtappGanna wënnt Zäitfuere knapp viru Van Aert, Geniets verléiert Zäit a Plazen

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 31,9 Kilometer goung et am Zäitfuere vu Montbrison op La Bâtie d'Urfé.
© Marco BERTORELLO / AFP

101 Coureuren huet den aktuellen Weltmeeschter am Zäitfuere Filippo Ganna missten ofwaarden, bis hie seng Victoire konnt feieren. Hie ass als 47. gestart an huet déi bal 32 Kilometer no 35 Minutten an 32 Sekonnen hannert sech bruecht. Säi gréisste Konkurrent ëm d’Victoire war de Maillot Jaune Wout van Aert, deen als 148 a leschten un den Depart gaangen ass. De Van Aert war op der Streck eppes iwwer 2 Sekonne méi lues wéi den Italiener. Den Drëtte gouf de Britt Ethan Hayter, dee ronn 17 Sekonne Retard hat. Op der Plaz 71 placéiert sech den eenzege Lëtzebuerger an der Course de Kevin Geniets. Hien hat 3 Minutten a 25 Sekonne Retard op de Gewënner.

Am Generalklassement bleift de Van Aert un der Spëtzt an huet elo 53 Sekonnen Avance op de Mattia Cattaneo a 56 Sekonnen op de Primoz Roglic. De Lëtzebuerger Champion gëtt aktuell als 36. gelëscht mat engem Réckstand vun 3 Minutten an 39 Sekonnen.

Cyclissem Video News
Ganna wënnt Zäitfuere knapp viru Van Aert, Geniets verléiert Zäit a Plazen

D’Top 10 vun der Etapp

1 GANNA Filippo INEOS Grenadiers 0:35:32
2 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 0:02
3 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 0:17
4 CATTANEO Mattia Quick-Step Alpha Vinyl Team 0:39
5 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:42
6 DURBRIDGE Luke Team BikeExchange - Jayco 0:53
7 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 1:12
8 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 1:25
9 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 1:31
10 AYUSO Juan UAE Team Emirates 1:34
...
71 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 3:25

D’Generalklassement no der 4. Etapp

1 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 13:26:06
2 CATTANEO Mattia Quick-Step Alpha Vinyl Team 0:53
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:56
4 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 1:26
5 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers ,,
6 CARUSO Damian Bahrain - Victorious 1:39
7 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 1:45
8 AYUSO Juan UAE Team Emirates 1:48
9 JORGENSON Matteo Movistar Team 1:50
10 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team 2:00
...
36 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 3:39

Back to Top
CIM LOGO