
De Kevin Geniets an den Alex Kirsch hu besonnesch op dëse Course schonn dacks bewisen, datt si sech gutt kënnen a Positioun bréngen a mat de Beschte kënne mathalen. D’lescht Joer war den Alex Kirsch eng offensiv Course gefuer a konnt sech um Enn am éischte Verfolgergrupp als 15. klasséieren. Gewonnen hat de Wout van Aert, de belsch hat sech am Bosberg eng ronn 12 Kilometer virun der Arrivée ofgesat a war eleng zu Ninove ukomm. 2021 gouf et mam Davide Ballerini eng italieenesch Victoire beim Omloop. Bei Trek-Segafredo huet den Alex Kirsch mam Jasper Stuyven de Vainqueur vun 2020 a senger Ekipp. Den 30 Joer ale Coureur dierft awer och de puer Fräiheeten hunn.
2 grouss Nimm feelen an der Startlëscht vun der Editioun 2023. De Wout van Aert an de Mathieu van der Poel preparéiere sech no der Cross Saison nach op hir éischt Coursë vir a fänken nächst Woch bei de Strade Bianche an Italien un. Dofir ass den Thomas Pidcock awer dobäi. De Britt vun Ineos ass prett an zielt zu de Favoritten. De Kevin Geniets zielt no senger gudder 4. Plaz beim Tour des Alpes Martitimes et du Var zu den Outsider. Mat 26 Joer ass de Schëfflenger prett, fir op Coursë wéi dem Omloop eng éischt Roll ze spillen. Groupama - FDJ kann awer och op de Schwäizer Stefan Küng zielen.
D’Course kënnt der e Samschdeg um 14 Auer live hei op RTL suivéieren.