Tour de France 2027 nees zu Lëtzebuerg?Georges Engel hat éischt Gespréich mam Christian Prudhomme

Franky Hippert
Lëtzebuerg soll nees eng Etapp vum Tour de France kréien. Viru 5 Joer war d'Grand Boucle fir d'lescht am Grand-Duché zu Munneref.
© RTL-Archivbild

Fir d’Iddi weider ze dreiwen, datt nees eng Etapp am Land ukënnt an/oder fortfiert, war de Sportminister Georges Engel an den Tour gereest.

Tour de France nees zu Lëtzebuerg? / Rep. Franky Hippert

Et war fir déi 12. Etapp mat der Arrivée op der Alpe d’Huez. De Sportminister hat do eng Entrevue mam Direkter vum Tour de France, Christian Prudhomme, an och den Andy Schleck, Gewënner vun 2010, souz mat um Dësch. D’Chancë sti gutt, datt an den nächste Joren de groussen Tross vun der Grande Boucle hei zu Lëtzebuerg nees Statioun mécht. Esouguer e Grand Depart ass net ausgeschloss, dozou de Georges Engel:

Ob Lëtzebuerg eng Etapp kritt, ob se eng Arrivée kréien, ob se en Depart kréien, ob et och e Grand Depart kéint sinn, well dat nach ganz vage ass, a well do nach ganz vill Facteuren ze kläre sinn. Wat de Christian Prudhomme awer gesot huet, an dat huet mech gefreet, dat ass, datt et tëscht dem Tour de France a Lëtzebuerg eng grouss Verbindung gëtt an hie weess och wéi Lëtzebuerg sportbegeeschtert ass, wéi Lëtzebuerg den Tour de France gär huet a si wëssen och, datt si hei ganz gutt opgehuewe sinn.

De Sportminister huet elo e Cahier de charge ugefrot, fir ze kucke wat eng Arrivée, en Depart respektiv esouguer e Grand Depart mat sech bréngt. De Georges Engel hëlt den Dossier da mat an de Regierungsrot, fir ze kucken, ob duerno weider Schrëtter ënnerholl solle ginn oder net. D’Fro, déi sech awer sécherlech nees eng Rei Leit wäerte stellen, ass, wat kascht dat nees a wat bréngt dat dem Land. De Sportminister huet do schonn eng Rechnung gemaach:

Den Tour de France ass awer och e mega Event. Duerch Studien ass elo gewise ginn, datt 1 Euro, deen een do investéiert, 3 Euro u sech am Gesamten och erëm kommen. Dat heescht et ass en Invest an eis Zukunft et ass en Invest an eis Wirtschaft, et ass en Invest a Lëtzebuerg an dofir mengen ech, datt den Tour de France e super Event ass, een Event ass, wat Lëtzebuerg no vir bréngt, wat Lëtzebuerg op d’Weltkaart erëm eng Kéier setzt.

Eisen Informatioune no sinn d’Chancë grouss, datt d’Lëtzebuerger Regierung op de Wee wëll goen, fir den Tour de France nees hei am Land begréissen ze kënnen. Wéi d’Kolleege vum Tageblatt scho wësse wollten, kéint ee sech nämlech duerchaus virstellen, datt d’Grande Boucle 2027, fir de Centenaire vum Nicolas Frantz senger Schlussvictoire an der gréisster Vëlosetappecourse vun der Welt, säi Passage zu Mamer kéint maachen.

Tour de France 2027 nees zu Lëtzebuerg? / Rep. F. Hippert

Back to Top
CIM LOGO