Première am VëlossportGianni Vermeersch huet sech éischte WM-Titel am Gravel geséchert

RTL Lëtzebuerg
Bei der WM de leschte Weekend an Italien waren och 5 Lëtzebuerger um Depart. Den Tim Diederich ass als 49. beschte Lëtzebuerger ginn.
© FSCL

De leschte Weekend gouf am Vëlossport an Italien zu Citadella déi éischt Gravel-Weltmeeschterschaft gefuer. Lëtzebuerg war mat 5 Coureure vertrueden. Éischte Gravel-Weltmeeschter no 194 Kilometer Course gouf de Belsch Gianni Vermeersch. Den Daniel Oss aus Italien koum op déi zweete Plaz an den Hollänner Mathieu van der Poel konnt sech als Drëtte klasséieren.

Insgesamt waren 140 Coureuren um Depart vun deenen der 99 klasséiert goufen. Den Tim Diederich konnt sech als 49. klasséieren, de Pol Weisgerber gëtt den 80., de Philipp Bützow den 83. an de Max Larry ass als 97. iwwer d’Arrivée gefuer. De Sebastian Einsle konnt d’Course net op en Enn fueren.

Bei den Damme geet de Weltmeeschtertitel un d’Pauline Ferrand-Prévot aus Frankräich. D’Sina Frei aus der Schwäiz an d’Chiara Teocchi aus Italien sinn op d’Plazen 2 an 3 gefuer.

PDF: D'Resultat vun der Gravel-WM

Back to Top
CIM LOGO