
Um Sonndeg war den Depart vun der bekannter Course Paris-Nice wou och mam Bob Jungels, Jempy Drucker an Alex Kirsch 3 Lëtzebuerger mat dobäi waren.
Iwwer 138,5 km ass et op der 1. Etapp vun Saint-Germain-En-Laye zeréck op Saint-Germain-En-Laye gaangen an hei goufen et just 2 Koppen vun der 3. Kategorie ze bewältegen.
Zum Schluss war et dann wéi erwaart e Sprint deen dës Etapp entscheet huet an do konnt sech den Hollänner Dylan Groenewegen virum Caleb Ewan duerchsetzen.
D’Lëtzebuerger koumen allen 3 an der nämlechter Zäit wéi de Gewënner op d’Arrivée.
Mam Amael Moinard, Damien Gaudin a Romain Combaud hate sech 3 Coureuren aus Frankräich kuerz nom Départ un d’Spëtzt vun der Course gesat a konnten sech zwëschenzäitlech e Virsprong vun 3 Minutten an 30 Sekonnen erausfueren. De Peloton huet se awer net all ze wäit zéie gelooss an de Virsprong louch 80 km virun der Arrivée just nach bei 2 Minutten an 10 Sekonnen.
Et war vill Loft op der Etapp an dat huet dofir gesuergt dat 40 km virun der Arrivée, nodeems déi 3 un der Spëtzt agefang goufen, sech d’Wandstaffelen opgestallt hunn an de Peloton a puer Stécker ausernee gefuer ass. Sou dat och d’Lëtzebuerger immens hu missen oppassen vir keng Cassure ze kréien. De Jempy Drucker, de Bob Jungels an och den Alex Kirsch waren awer ëmmer opmierksam a konnte sech am Peloton behaapten.
13 km virun der Arrivée sinn erem Cassuren am Peloton opgrond vum Wand entstanen an et war dee sech gewisen huet a probéiert hat mat 3 weidere Coureuren fort ze kommen. Hannendrun war et dann och de gutt opgeluechten Alex Kirsch dee fir säi Kapitän John Degenkolb vill Arbescht geleecht huet. De Jempy Drucker dogéint hat um Wupp vum Peloton mam Uschloss ze kämpfen. Mee kuerz dono hat sech d’Lag awer nees berouegt an d’Feld ass nees zesumme gerullt.
Schlussëndlech war et dann awer wéi erwaart e Sprint deen dës Etapp entscheet huet an do konnt sech den Dylan Groenewegen ganz knapps virum Caleb Ewan a Fabio Jakobsen duerchsetzen.
1 DYLAN GROENEWEGEN ( TEAM JUMBO - VISMA ) 03H 17' 35'’
2 CALEB EWAN ( LOTTO SOUDAL )
3 FABIO JAKOBSEN ( DECEUNINCK - QUICK - STEP )
4 SAM BENNETT ( BORA - HANSGROHE )
5 JOHN DEGENKOLB ( TREK - SEGAFREDO )
6 FLORIAN SENECHAL ( DECEUNINCK - QUICK - STEP )
7 ARNAUD DEMARE ( GROUPAMA - FDJ )
8 SONNY COLBRELLI ( BAHRAIN - MERIDA )
9 BRYAN COQUARD ( VITAL CONCEPT - B&B HOTELS )
10 ANTHONY TURGIS ( DIRECT ENERGIE )
.
16 JEAN-PIERRE DRUCKER (BORA - HANSGROHE) 0:00:00
.
44 BOB JUNGELS (DECEUNINCK - QUICK - STEP) 0:00:00
.
59 ALEX KIRSCH (TREK - SEGAFREDO) 0:00:00