
Um Programm steet zu Valence am franséischen Departement Drôme et Ardèche am Süde vu Frankräich, souwuel een Eenzel- an Ekippe-Mixed-Zäitfueren, wéi och d’Stroossecourssen an de jeeweilege Kategorien. Mat dobäi sinn ënner anerem bei der Elite bei den Hären den Arthur Kluckers, den Alex Kirsch, de Kevin Geniets an de Mats Wenzel. Bei den Elite-Damme ginn déi Lëtzebuerger Faarwe vum Nina Berton vertrueden. Donieft gi bei den U23-Dammen ënner anerem d’Marie Schreiber an d’Gwen Nothum un den Depart.
E Mëttwoch steet de Contre-la-Montre an deenen eenzele Kategorien um Programm. D’Ekippe-Mixed-Zäitfueren ass en Donneschdeg. Déi eenzel Coursse sinn dann e Freideg bis e Sonndeg. Hei fannt Dir déi komplett Selektioun vun der Lëtzebuerger Delegatioun.