Weltmeeschterschaft am CyclissemHerzog setzt sech bei Junioren duerch, Fedorov bei den U23

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg waren d'Juniore mat zwee Lëtzebuerger zu Wollongong an Australien am Asaz. Um Moie da war et un den Espoiren.
Den Emile Herzog konnt sech bei de Junioren de Weltmeeschtertitel an der Stroossecourse sécheren.
Den Emile Herzog konnt sech bei de Junioren de Weltmeeschtertitel an der Stroossecourse sécheren.
© AFP

Dës Nuecht gouf an Australien d‘Stroossecours vun de Juniore gefuer. Den Mathieu Kockelmann klasséiert sech als 21. an hat e Retard vun 7 Minutten an 16 Sekonnen op den däitschen Emil Herzog, deen néien Weltmeeschter gouf. No 135,6 Kilometer koum de Mil Morang op déi 34. Platz.

Bei der U23 geet de Weltmeeschtertitel vun den Yevgeni Fedorov aus dem Kasachstan, hie konnt sech am Schlusssprint géint de Mathias Vacek an de Soren Waerenskjold duerchsetzen. Beschte Lëtzebuerger gëtt den Cedric Pries als 35. Hien huet fir déi 169,8 Kilometer 4 Stonnen a 45 Sekonne gebraucht a war domadder gutt dräi an eng hallef Minutt méi lues, wéi de Gewënner. De Matz Wenzel hat als 87. bal 10 Minutte Retard, déi dräi aner Lëtzebuerger am Peloton sinn d’Course net op en Enn gefuer.

Back to Top
CIM LOGO