Knapp 270 ganz animéiert Kilometer hunn d’Vëlosfrënn beim Tour des Flandres 2019 materlieft. Vun Ufank u gouf et eng Hellewull un Attacken, mat bis kuerz virun Enn vun der Course konnt kee sech entscheedend ofsetzen. Déi decisiv Attack huet den Alberto Bettiol ronn 20 Kilometer virun der Ligne d’Arrivée gesat. Den Italiener sollt net méi ageholl ginn an als 1. Italiener zanter 12 Joer erëm den Tour des Flandres gewannen. Op d’Éiereplaze kommen de Kasper Asgreen op d’Plaz 2 an den Alexander Kristoff op d’Positioun 3.
Fir de Bob Jungels ass keng Podiumsplaz erausgesprongen. De Lëtzebuerger Champion wousst awer och am Tour des Flandres mat enger flotter Course ze iwwerzeegen. Um Enn koum hien op eng 16. Plaz mat engem Ecart vu 17 Sekonnen.
Den Alex Kirsch koum als 120. iwwer d’Ligne d’Arrivée, dat mat engem Réckstand vun 10 Minutten a 14 Sekonnen.
1 Alberto Bettiol (Education First) 6:19:00
2 Kasper Asgreen (Deceuninck-Quick Step) 0:00:15
3 Alexander Kristoff (UAE Emirates) 0:00:18
4 Mathieu Van Der Poel (Corendon-Circus) 0:00:18
5 Nils Politt (Katusha Alpecin) 0:00:18
6 Michael Matthews (Sunweb) 0:00:18
7 Oliver Naesen (AG2R La Mondiale) 0:00:18
8 Alejandro Valverde (Movistar) 0:00:18
9 Tiesj Benoot (Lotto Soudal) 0:00:18
10 Greg Van Avermaet (CCC) 0:00:18
...
16 Bob Jungels (Lux) Deceuninck - Quick Step 0:00:17
...
120 Alex Kirsch (Lux) Trek - Segafredo 0:10:14
No den exzellente Leeschtunge vun de Lëtzebuerger Cyclisten huet e Sonndeg gespaant op déi 103. Editioun vum Tour de Flandres gekuckt – hei waren nämlech de Bob Jungels an den Alex Kirsch am Asaz.
De Lëtzebuerger Champion huet an de leschte Coursse seng ausgezeechent Form ënner Beweis gestallt, konnt net just Kuurne-Bréissel-Kuurne wannen, ma war dës Saison well bei anere Klassiker mat Top-Performancen um Rendez-vous. Esou huet de Jungels e Sonndeg och zu dem enke Krees vun de Favoritte gehéiert. Op der anerer Säit den Alex Kirsch vun der Formatioun Trek Segafredo – och hie wousst an de leschte Woche mat Top-Leeschtungen ze iwwerzeegen.
270 Kilometer Course hunn op d’Cycliste gewaart a mat dem Kwaremont a Paterberg souwéi mat 5 Pawee-Secteure stoung ee secke Programm um Menü. Ma no enger relativ roueger Ufanksphas huet de Peloton 158 Kilometer virun Enn vun der Course misse schlécken. Et war eng uerg Chute, an déi den Niki Terpstra verwéckelt war. Laang blouf den hollännesche Cyclist um Asphalt leien, ier hien an d’Spidol ageliwwert huet misse ginn. Kuerz drop koum d’Diagnos “Gehirnerschütterung”, wat gläichzäiteg den Out fir Paris-Roubaix bedeit huet.
Ronn 77 Kilometer huet sech d’Course esou erëmgespigelt: D’Feld war an zwou gréisser Gruppe agedeelt, wou de Bob Jungels sech am Spëtzegrupp opgehalen huet an den Alex Kirsch am zweete Grupp gefuer ass. Virun dësem Course-Ofschnëtt goufen et ëmmer nees Attacken, wouvunner sech awer keng decisiv ofsetze konnt.

Esou lues stoung duerno de Paterberg um Programm an et war de Bob Jungels, dee weiderhi gutt am éischte gréissere Grupp matgefuer ass. Ee méi ongléckleche Moment hat iwwerdeems de Matfavorit Mathieu Van der Poel kuerz virdrun: Den hollännesche Meeschter hat Problemer mat dem viischte Rad an ass doropshin gefall. Duerno huet hien een immensen Opwand misse bedreiwen, fir sech erëm lues a lues zréckzekämpfen.

Opgrond vun der ausseruerdentlecher gudder Form vun Van der Poel ass et him du gelongen, fir erëm an de Grupp bäizefueren. Do virdrun huet sech iwwerdeems een 4-Mann staarke Grupp ofgesat, dorënner och de Stijn Vandenbergh a Sep Vanmarcke. Do hannendru gouf sech ënner anerem am Steenbeek duelléiert an och hei war de Bob Jungels gutt vertrueden.
De Lëtzebuerger Champion huet ronn 30 Kilometer viru Schluss eescht gemaacht an attackéiert. An engem éischten Ament si Van Avermaet, Van der Poel - dee jo eng Chute hat - a Valverde mam Bob Jungels matgaangen. Wéi hien dunn e puer Kilometer drop nach eng Kéier den Tempo ugezunn huet, huet den Zdenek Stybar misse lassloossen.

Knapp 20 Kilometer virum Enn huet de Bob Jungels liicht erausgeholl an de gréissere Grupp huet sech nees forméiert. Ganz vir war et den Alberto Bettiol, dee sech ofsetze konnt - d’Fro huet sech allerdéngs opgedrängt, ob den Italiener säin Ecart bis op d’Schlusslinn hale kéint.
An effektiv sollt et fir de jonken Italiener duergoen, well op de leschte Kilometer konnt keen hie méi anhuelen. Iwwerdeems gouf sech ëm d’Éiereplaze gestridden, op déi um Enn dem Bob Jungels säin Team-Kolleg Kasper Agreen an den Alexander Kristoff (UAE Emirates) fuere konnt. Ze notéiere bleift nach eng formidabele 4. Plaz vum Mathieu Van der Poel, dee jo entre temps wéinst enger Chute zréckgefall war.
An och de Bob Jungels wousst mat enger exzellenter Course ze iwwerzeegen. Seng 16. Plaz ass awer net fir eng Positioun um Podium duergaangen.