Giro d'Italia: SchlussetappJai Hindley heescht de Gewënner vum 105. Giro d'Italia

RTL Lëtzebuerg
Op der leschter Etapp war de Matteo Sobrero de séiersten. Hannendru sinn den Thymen Arensman an den Mathieu van der Poel op Plazen 2 an 3 gefuer.
© AFP

Um Sonndeg stoung déi lescht Etapp vum Giro d’Italia mat engem Zäitfueren iwwer 17,4 Kilometer zu Verona um Programm. Genau wéi am Joer 2020 war den Jai Hindley mam Maglia Rosa an de Schlussdag gaangen.

Anescht wéi deemools huet den Australier dëst Joer awer den Giro d’Italia gewonnen. Him ass eng 15. Plaz an der leschter Etapp duergaangen, fir sech d’Victoire ze sécheren. Et war den éischte Succès fir Bora-Hansgrohe an engem Grand Tour. Den Hindley hat e Virsprong vun 1 Minutt an 18 Sekonnen op de Richard Carapaz. De Mikel Landa hat als 3. e Retard vun 3 Minutten a 24 Sekonnen.

D’Zäitfuere gouf vum Italiener Matteo Sobrero gewonnen. Hannendru sinn den Thymen Arensman an de Mathieu van der Poel op Plazen 2 an 3 iwwer d’Arrivée gefuer.

Virun der leschter Etapp stoung de Koen Bouwman (Jumbo - Visma) als Gewënner vum Biergtrikot fest. Och den Arnaud Démare hat säin Trikot fir de beschten Sprinter sécher. De Juan López huet sech als beschte jonke Fuerer klasséiert.

D’Klassement vum Zäitfueren

1 SOBRERO Matteo Team BikeExchange - Jayco 0:22:24
2 ARENSMAN Thymen Team DSM 0:23
3 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix 0:40
4 MOLLEMA Bauke Trek - Segafredo 1:08
5 TULETT Ben INEOS-Grenadiere 1:12
6 SCHMID Mauro Quick-Step-Alpha-Vinyl 1:17
7 Cort Magnus EF Education-EasyPost 1:18
8 Foss Tobias Jumbo-Visma 1:19
9 HEPBURN Michael Team BikeExchange 1:24
10 CARAPAZ Richard INEOS-Grenadiere ,,

De General

1 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 86:31:14
2 CARAPAZ Richard INEOS-Grenadiere 1:18
3 LANDA Mikel Bahrain - Siegreich 3:24
4 Nibali Vincenzo Astana Qazaqstan Team 9:02
5 BILBAO Pello Bahrain - Siegreich 9:14
6 HIRT Jan Intermarché - Wanty - Gobert 9:28
7 Buchmann Emanuel BORA - hansgrohe 13:19
8 POZZOVIVO Domenico Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 17:29
9 CARHY Hugh EF Education-EasyPost 17:54
10 LÓPEZ Juan Pedro Trek - Segafredo 18:40

Back to Top
CIM LOGO