Um Sonndeg stoung am Cyclissem déi 105. Editioun vum Klassiker vu Léck-Baaschtnech-Léck Um Programm. No der Victoire vum Bob Jungels vum leschte Joer, war bei der Editioun 2019 kee lëtzebuerger Coureur mat um Depart.
Nodeems sech relativ fréi eng Spëtzegrupp ofsetze konnt, war et dëser gelongen, bis op iwwer 10 Minutten Avance op de Peloton eraus ze fueren. Insgesamt 8 Coureure waren an dëser Spëtzegrupp vertrueden, dëst waren de Julien Bernard (TFS), Tobias Ludvigsson (GFC), Andrea Passqualon (WGG), Lilian Calmejane (TDE), Jérémy Maison (PCB), Kevin Deltombe (SVB), Kenny Molly a Mathijs Paaschens (alle béid WVA).
Dass dëse Grupp et awer schwéier kréie wäert, war séier kloer. 100 Kilometer virun der Arrivée war hier Avance op nëmme nach 3 Minutte geschmollt.
Fir den Alejandro Valverde sollt et ee schwaarzen Dag ginn, hien huet d’Course net kënne bis zum Enn fueren.
De Julien Bernard hat et aus der Spëtzegrupp nach eng Kéier probéiert, ma säi Virsprong louch 82 Kilometer virum wäisse Strich nëmme nach bei gutt enger Minutt.
Fir de Bernard sollt et um Enn awer och net als Solist duergoen. Ronn 68 Kilometer virun der Arrivée gouf hien als leschte Coureur aus der Echappée vum Dag vum Feld ageholl.
Um Col de Rosier waren et dann den Tanel Kangert an den Omar Fraile, déi sech aus der grousser Grupp ofsetze konnten. Ënnert anerem waren et de Michael Albasini, de Björn Lambrecht an den Damiano Caruso, déi zu den Zwee un der Spëtzt opschléisse konnten.
Ma och dëse Versuch sollt net vun Erfolleg gekréint sinn. Ronn 20 Kilometer virun der Arrivée waren et nëmme nach 10 Sekonnen fir déi véier Coureuren, déi sech aus der Spëtzegrupp behaapte konnten.
An der Côte de la Roche aux Faucons war et de Fuglsang, deen et probéiert hat. Senger secker Attack konnte just nach de Woods an den Davide Formolo nogoen.
13 Kilometer virum wäisse Strich war et op ee neits den Dän, deen attackéiert hat. Kee vu senge Verfollger konnt hei eppes entgéint setzen, a sou hat hien et alleng probéiert.
De Fuglsang, dee mat enger Lëtzebuergerin bestuet ass, hat et um Enn och fäerdeg bruecht, sech als Solist zu Léck feieren ze loossen. Hie wënnt virum Davide Formolo an dem Maximilian Schachmann.
Bei den Damme konnt sech d’Annemiek van Vleuten duerchsetzen. Op d’Plazen Zwee an Dräi kommen d’Floortje Mackaij an d’Demi Vollering.