Mercan'Tour Classic Alpes-MaritimesJakob Fuglsang wënnt en solitaire, gutt 9. Plaz fir de Michel Ries

RTL Lëtzebuerg
Beim Mercan'Tour Classic Alpes-Maritimes goung et iwwer 167,9 schwéier Kilometer vu Puget-Théniers op de Col de Valberg.
© AFP

Um Programm stoungen zwee Bierger vun der 1. Kategorie an ee Bierg vun der Hors catégorie. Um Enn konnt sech de Jakob Fuglsang uewenaus um Col de Valberg en solitaire duerchsetzen. Den Dän hat eng Avance vun 31 Sekonnen op de Michael Woods a vu 34 Sekonnen op den David Gaudu. Aus Lëtzebuerger Siicht war et eng gutt 9. Plaz fir de Michel Ries, deen e Retard vun 3 Minutten a 15 Sekonnen op de Gewënner hat. De Bob Jungels gëtt den 28. op 12 Minutten a 15 Sekonnen.

Klassement vun der Course

1 FUGLSANG Jakob Israel - Premier Tech
2 WOODS Michael Israel - Premier Tech 0:31
3 GAUDU David Groupama - FDJ 0:34
4 HERRADA Jesús Cofidis 1:05
5 CRAS Steff Lotto Soudal 1:07
6 MEINTJES Louis Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 1:46
7 JORGENSON Matteo Movistar Team 2:03
8 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ 2:53
9 RIES Michel Team Arkéa Samsic 3:15
10 REICHENBACH Sébastien Groupama - FDJ 3:49

Back to Top
CIM LOGO