Teamkomerod vum Alex KirschJarlinson Pantano gouf positiv op Epo getetst

RTL Lëtzebuerg
De kolumbianesche Vëlosfuerer ass bei enger Trainingskontroll de 26. Februar 2019 positiv op d'Bluttdopping-Mëttel Epo getest ginn.
© AFP

Dat huet de Weltverband UCI bekannt ginn. De Kolumbianer gouf elo virleefeg suspendéiert. D’Teamleedung huet sech déif enttäuscht gewisen.

De Rennstall huet eng Nulltoleranzpolitik an deementspriechend hu si hien direkt suspendéiert, erkläert Trek-Segafredo. De Pantano huet elo allerdéngs nach d’Recht, fir d’B-Prouf unzefroen.

Säi gréissten Erfolleg hat de Pantano beim Tour de France 2016 gefeiert, wou hien eng Etapp an den Alpe gewanne konnt. Och dëst Joer sollt hie beim Tour un den Depart goen.

Back to Top
CIM LOGO