
Op der 2. Etapp goung et iwwer 159,9 Kilometer vun Alba op Limone Piemonte. Um Enn konnt sech de Jonas Vingegaard an der Schlussmontée duerchsetzen. Op d’Plaz 2 an 3 sinn den Giulio Ciccone an den David Gaudu gefuer. De Bob Jungels gouf den 116.. Hien hat an de leschte Kilometer vill fir säi Kapitän Egan Bernal geschafft, deen de 4. gouf.
Am General ass de Vingegaard de neie Leader. Hien huet eng knapp Avance op den Ciccone an de Gaudu. De Bob Jungels ass hei den 113. op 6 Minutten an 13 Sekonnen.
Véier Coureuren hate sech fréi ofgesat a goufe vum Peloton fuere gelooss. Bis 46 Kilometer viru Schluss sinn de Liam Slock (Lotto), de Jakob Otruba (Caja Rural), de Gal Glivar (Alpecin -Deceunick) an de Sinuhé Fernández (Burgos Burpellet BH) zesummen un der Spëtzt gefuer. Dono ass de Fernandez zréckgefall. Duerch de ville Ree gouf et eng Rei Chutten am Peloton an déi lescht 3 Ausräisser goufe réischt ronn 4 Kilometer virun der Arrivée agefaangen. An der Schlussmontée war de Bob Jungels un der Spëtzt vum Peloton ze gesinn, fir den Tempo fir de Bernal héich ze halen. Um Enn sollt et fir de Bernal awer net duergoen. Am Sprint ëm d’Victoire ware Vingegaard, Ciccone a Gaudu méi séier. De Jungels hat um Enn als 116. e Retard vun iwwer 6 Minutten.
1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 3:47:14
2 Ciccone Giulio Lidl - Trek ,,
3 Gaudu David Groupama - FDJ ,,
4 Bernal Egan INEOS Grenadiers ,,
5 Almeida João UAE Team Emirates - XRG +0:02
6 Gall Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
7 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
8 Ayuso Juan UAE Team Emirates - XRG ,,
9 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,
10 Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team ,,
...
116 Jungels Bob INEOS Grenadiers +6:05
1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 7:56:16
2 Ciccone Giulio Lidl - Trek +0:04
3 Gaudu David Groupama - FDJ +0:06
4 Bernal Egan INEOS Grenadiers +0:10
5 Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team +0:12
6 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
7 Buitrago Santiago Bahrain - Victorious ,,
8 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,
9 Ayuso Juan UAE Team Emirates - XRG ,,
10 Soler Marc UAE Team Emirates - XRG ,,
...
113 Jungels Bob INEOS Grenadiers +6:15