
Op de leschten 10 Kilometer konnt sech de Jonas Vingegaard eleng ofsetzen an d’Victoire vum Dag 24 Sekonne virum Thomas Pidcock an dem Joao Almeida feieren. De Bob Jungels ass mat engem Ecart vun 10:30 Minutten op déi 60. Plaz gefuer.
Am General bleift den Norweger Torstein Traeen mat engem Virsprong vu 37 Sekonne virum Jonas Vingegaard an 1:15 Minutt virum Joao Almeida un der Spëtzt. De Lëtzebuerger Coureur Bob Jungels klëmmt ëm siwe Positiounen no uewen a steet elo op der 80. Plaz.
Nodeems et op den éischte Kilometer vun der Course ëmmer nees Attacken ouni Succès aus dem Peloton eraus gi sinn, huet sech no enger Zäit awer ee Grupp vu fënnef Coureuren un der Spëtzt forméiert. Dodra waren den Archie Ryan, Kevin Vermaerke, Michal Kwiatkowski, Liam Slock a Michel Hessmann.
Ronn 70 Kilometer virun der Arrivée huet et dann ugefaange mat reenen, wat déi lescht Montée vun der Kategorie 1 erop net grad méi einfach gemaach huet. Kuerz éier et eng leschte Kéier eropgaangen ass, konnt de Spëtzegrupp dann agefaange ginn a mam Jonas Vingegaard huet et ee Coureur eleng un der Spëtzt mat enger Attack probéiert, déi um Enn fir d’Dagesvictoire duergoe sollt.
1.VINGEGAARD Jonas 4:32:10
2. PIDCOCK Thomas 0:24
3. ALMEIDA Joao ,,
4. GALL Felix 1:02
5. GARCIA PIERNA Raul 1:46
6. SOLER Marc ,,
7. CICCONE Giulio ,,
8. BELOKI Markel ,,
9. HINDLEY Jai ,,
10. FORTUNATO Lorenzo ,,
60. JUNGELS Bob 10:30
1.TRAEEN Torstein 33:35:46
2. VINGEGAARD Jonas 0:37
3. ALMEIDA Joao 1:15
4. PIDCOCK Thomas 1:35
5. GALL Felix 2:14
6. CICCONE Giulio 2:42
7. FORTUNATO Lorenzo 2:47
8. JORGENSON Matteo 2:49
9. HINDLEY Jai 2:53
10. PELLIZZARI Giulio ,,
80. JUNGELS Bob 47:12