Den Däitsche Champion ass awer krank op Péiteng komm an hat dofir näischt mam Ausgang vun der Course ze dinn.
Direkt vun Ufank un huet e vun de anere Favoritte sech vum Peleton ofgesat - de Gerben Kuypers. Den 22 Joer ale Belsch war virgëschter de 5. zu Loenhaut a 4 Deeg virdrun den 10. beim Weltcup zu Gavere. Eigentlech de stäerkste Coureur am Peleton an trotzdeem krut hie Mëtt der Course nach Gesellschaft.

An dat vum franséische Champion Joshua Dubau. De 27 Joer ale Coureur vun Van Rysel CX Racing Team war deen eenzegen, deen dem Kuypers säin Tempo konnt matgoen. An de Joshua Dubau hat sech vill virgeholl. An de leschte 4 Editiounen zu Péiteng koum de Fransous zwee Mol op déi 2. an zwee Mol op déi 3.Plaz. E Sonndeg sollt de Joshua Dubau awer fir eng kleng Iwwerraschung suergen. Bis an de leschten Tour war de Spëtzenduo zesummen, mä no enger klenger Acceleratioun an enger vun den zwou sauere Koppen hat den Dubau e klengt Laach. An dat ass no ronn enger Stonn Course och duergaangen. De Kuypers hat säi secke Sprint ze spéit lancéiert. D’Kiischt um Kuch fir de Joshua Dubau no senger éischter Victoire beim C2 Cross zu Péiteng war déi 3. Platz vu sengem Zwillingsbrudder Lucas. Bei de Lëtzebuerger war laang de Raphael Kockelman vir mat Momenter vu bis zu 30 Sekonnen Avance op de Ken Konter. Mä deen ass net nëmme bäikomm, mä am leschten Tour hat de Ken Konter déi beschte Reserven an huet seng Ambitioune fir de Championnat kloer gemaach. De Coureur vu Snooze ass um Enn als 22. iwwert d’Arrivée gefuer.
Bei den Damme konnt sech d’Hollännerin Manon Bakker duerchsetzen. Bei der Victoire vun der Weltranglëschten 8. koum d’Isabel Klein op eng gutt 5.Plaz.