
E Freideg hat de Jungels jo no enger secker Attack d’Etapp gewonnen an ass an der Maillot vum Leader gefuer. Um Samschdeg huet hien dësen Trikot - trotz enger ganz gudder Leeschtung - erëm missen ausdoen, dat no senger 6. Placéierung op der Etapp, wou hien 42 Sekonne verluer huet. Virun der leschter Etapp um Sonndeg ass de Lëtzebuerger Champion deemno op der 5. Plaz am Generalklassement, dat mat engem Retard vun 53 Sekonnen.
LINK: Tour duerch Kolumbien: 4. Etapp Bob Jungels wënnt an ass neie Leader
1 Julian Alaphilippe (Fra) Deceuninck - Quick Step 4:16:44
2 Miguel Angel Lopez Moreno (Col) Astana Pro Team 0:00:00
3 Richard Carapaz (Ecu) Movistar Team 0:00:00
4 Daniel Felipe Martinez Poveda (Col) EF Education First 0:00:00
5 Ivan Ramiro Sosa Cuervo (Col) Team Sky 0:00:06
6 Bob Jungels (Lux) Deceuninck - Quick Step 0:00:42
7 Rigoberto Uran (Col) EF Education First 0:00:42
8 Alejandro Osorio Carvajal (Col) Nippo - Vini Fantini - Faizane 0:00:42
9 Nairo Alexander Quintana Rojas (Col) Movistar Team 0:00:42
10 Egan Arley Bernal Gomez (Col) Team Sky 0:00:42
E Samschdeg huet an der zweetleschter Etapp ee wallonéierte Parcours op d’Cycliste gewaart, wou vun Ufank u vill geraibert gouf. Ëmmer nees hu sech Fuerer ofgesat, sinn awer erëm agefaange ginn.
Ronn 20 Kilometer virun der Ligne d’Arrivée waren nach 11 Coureuren zesummen, déi eng Avance vun 1 Minutt an 10 Sekonnen op de Peloton haten. Aus dësem Grupp eraus huet den Julian Alaphilippe, dem Jungels säin Equipier, zesumme mat dem Ivan Sosa eng Attack lancéiert a wollte sech eng Avance op d’Verfolger erausfueren. Séier hate béid Cyclisten ee liichte Virsprong, ma se hu misse kämpfen, fir d’Positiounen un der Spëtzt ze halen.
Hannendru gouf weider geraibert a sou si weider dräi Kolumbianer, dorënner de Contreras, Martinez an Anacona, un den Alaphilippe a Sosa erugefuer. De Fransous konnt den Tempo vun deene Cyclisten net méi matgoen, sou datt 10 Kilometer viru Schluss véier Mann vir waren. Ma och dëse Grupp huet net laang gehalen an et war op en Neits den Ivan Sosa, deen der Course de Stempel opgedréckt huet an eng sec Attack lancéiert huet - him konnt just den Daniel Martinez nogoen. De Bob Jungels war zu deem Ament nach am Grupp vun de Verfolger an huet ëm säi Leader Maillot gekämpft. Do virdrun am Feld och den Alaphilippe.
Sosa a Martinez - esou war d’Konstellatioun un der Spëtzt, wéi d’Cyclisten iwwer déi lescht Montée vum Dag gefuer sinn. Do hannendru war alles op an nach onkloer, wien op de leschte fënnef Kilometer weider no vir fuere géing.
Hannendru goung et dunn awer séier, dat ënnert dem Impuls vum Alaphilippe, dee jo een exzellenten Descendeur ass. De Fransous huet et zesumme mam Angel Lopez an der Descente vun der leschter Biergschwieregkeet vum Dag fäerdegbruecht, un d’Spëtzt erunzefueren. Um Enn konnt sech de Julian Alaphilippe am Sprint duerchsetzen an iwwerhëlt domat de Maillot vum Leader.
Deemno huet de Bob Jungels säi Maillot vun der Plaz 1 erëm missen ausdoen - bei der zweetleschter Etapp vum Tour duerch Kolumbien gouf hien de Sechsten op 42 Sekonnen. Am General ass hien elo de 5. op 53 Sekonnen.