CyclissemKeng Ardenne-Klassiker fir de Bob Jungels

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Champion schléisst seng Klassiker-Campagne dëse Weekend mam Tour des Flandres of.
© pressphoto (Archiv)

Nom Klassiker Tour des Flandres e Sonndeg gëllt déi ganz Konzentratioun vum Bob Jungels dem Giro d’Italia.

De Gewënner vu Léck-Baaschtnech-Léck 2018 wäert mat engem Trainingslager an der Héicht déi 3 Woche laang Course virbereeden.

Den Tour des Flandres kënnt Dir e Sonndeg live um 1. RTL op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO