
Op der éischter Etapp vum Tour des Alpes-Maritimes et du Var konnt sech de Kevin Geniets haut als gudden 3. klasséieren. De Lëtzebuerger vu Groupama-FDJ hat sech an der Finall zesumme mat 3 weidere Coureuren ofgesat. De Fransous Kévin Vauquelin vun Arkéa Samsic war op de leschte Meter dee Séiersten a gëtt éischte Leader. Als 2. konnt sech den Amerikaner Neilson Powless klasséieren. Déi éischt Etapp ass iwwer 187,6 Kilometer vu Saint-Raphaël op Ramatuelle gaangen. Den Alex Kirsch klasséiert sech haut als 65. mat engem Retard vun 1 Minutt an 29 Sekonnen. De Cédric Pries an de Colin Heiderscheid sinn als 103. an als 117. iwwer d‘Arrivée gefuer.
D‘Course geet iwwer 3 Etappen an dauert bis e Sonndeg.
Am Generalklassement huet de Vauquelin, deen d‘lescht Joer den 2. am Skoda Tour war, 9 Sekonnen Avance op de Powless, de Geniets huet als 3. e Retard vun 11 Sekonnen.