Critérium du DauphinéKevin Geniets wëll um Critérium den Tour de France preparéieren

Tom Flammang
Eng Preview op déi aacht Etappe vum Critérium, dee vill Coureuren als Preparatioun op den Tour de France notzen.
Preview op de Critérium du Dauphiné
De Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets ass mat um Depart, fir den Tour de France virzebereeden.

Zanter den Ardenne Klassiker am Abrëll hat de Kevin Geniets Paus, fir sech physesch a mental ze erhuelen an dono mat engem Trainingslager d’Form nees op ze bauen.

Mat 25 Joer gëtt et fir de grouss gewuessene Profi déi zweete Kéier, wou hien den Dauphiné fiert. Eng vun zwou wichtegen Etappecoursse virum Tour de France.

De Parcours vun der 74. Editioun vum Dauphiné bitt vill Méiglechkeeten, fir d’Course schwéier ze maachen. Lass geet et e Sonndeg an der Ardèche.

RTL ass iwwer déi 8 Etappe Live fir Iech dobäi. Lass geet et e Sonndeg mat der éischter Etapp schonn um 13.30 Auer.

Back to Top
CIM LOGO