
Fir Paris-Nice steet de Lëtzebuerger komplett am Déngscht vu Gaudu an Démare. Sputt fir eegen Ambitioune gëtt et do keen.
Bis Enn 2024 huet de Kevin Geniets e Kontrakt bei Groupama - FDJ. Dëse Wanter huet een an der Ekipp weider seriö an innovativ geschafft. Duerch gutt Resultater an de Klassiker an am Tour de France weess een datt een um richtege Wee ass.
Den Tour des Flandres, d’Ardenne Klassiker an den Tour de France dierften nees um Programm vum Kevin Geniets stoen. Besonnesch d`Klassiker an deenen d’Ekipp dem Lëtzebuerger un der Säit vu Kung a Madouas e puer Fräiheete gëtt sinn en Zil.
Déi 4. Etapp iwwerdroe mir vu 15.25 Auer un.
