Bob JungelsKlassiker an Tour de France sinn déi grouss Ziler dëst Joer

Tom Flammang
E Méindeg op der zweeter Etapp vu Paris-Nice koum de Bob Jungels op déi 65. Plaz, dat an der nämmlechter Zäit ewéi de Gewënner.

2019 war de Bob Jungels den 8. am Generalklassement vu Paris-Nice. Bei Bora–Hansgrohe huet hie mam Maximilian Schachmann de Gewënner vun 2020 an 2021 bei sech an der Ekipp. De Sam Bennett gëtt op de Sprint-Etappen ënnerstëtzt.

Start an déi nei Saison

De Wiessel vun AG2R Citroën bei Bora–Hansgrohe schéngt dem Bob Jungels gutt gedoen ze hunn. Mat 30 Joer ass et déi 4. Ekipp an der World Tour fir de Gewënner vu Léck–Baaschtnech–Léck aus dem Joer 2018.

D'Saison 2023
De Bob Jungels am Interview

Ziler an Ambitiounen 2023

Mat de grousse Klassiker an dem Tour de France huet de Bob Jungels e gudde Programm. Besonnesch am Tour de France wëll ee vum Lëtzebuerger senger Erfarung profitéieren. Den Australier Jay Hindley ass hei de Leader fir déi däitsch Ekipp.

Ziler an Ambitiounen 2023
De Bob Jungels am Interview.

Back to Top
CIM LOGO