
Am Giro d’Italia Donne ass et en Donneschdeg op der sechster Etapp iwwer 112,9 Kilometer vu Prevalle op de Passo del Maniva gaangen. D’Juliette Labous konnt sech uewenaus um Bierg vun der 1. Kategorie en solitaire duerchsetzen. D’Franséisin hat eng Avance vun 1 Minutt a 37 Sekonnen op d’Hollännerin Annemiek van Vleuten a vun 1 Minutt an 41 Sekonnen op d’Spuenierin Mavi Garcia. D’Lëtzebuergerin Christine Majerus ass en Donneschdeg net méi un den Depart vun der 6. Etapp gaangen. Wéi d’Lëtzebuerger Championne op de soziale Medie matdeelt, schount si sech, fir den Tour de France ze fueren.
Am General läit d’Annemiek van Vleuten nach ëmmer un der Spëtzt. Si huet hir Avance liicht ausgebaut an huet elo e Virsprong vun 31 Sekonnen op d’Mavi Garcia. D’Marta Cavalli aus Italien läit hei op der drëtter Plaz mat engem Retard vun 1 Minutt an 10 Sekonnen.
1 LABOUS Juliette Team DSM
2 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team 1:37
3 GARCÍA Mavi UAE Team ADQ 1:41
4 CAVALLI Marta FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope 1:47
5 LONGO BORGHINI Elisa Trek - Segafredo 1:50
6 FISHER-BLACK Niamh Team SD Worx 1:57
7 REALINI Gaia Isolmant - Premac - Vittoria 2:13
8 SPRATT Amanda Team BikeExchange - Jayco 2:29
9 KOPPENBURG Clara Cofidis Women Team 2:37
10 PERSICO Silvia Valcar - Travel & Service 2:39
1 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team
2 GARCÍA Mavi UAE Team ADQ 0:31
3 CAVALLI Marta FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope 1:10
4 LONGO BORGHINI Elisa Trek - Segafredo 5:19
5 FISHER-BLACK Niamh Team SD Worx 5:54
6 SPRATT Amanda Team BikeExchange - Jayco 6:12
7 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope 6:22
8 PERSICO Silvia Valcar - Travel & Service 6:33
9 MAGNALDI Erica UAE Team ADQ 8:25
10 CHABBEY Elise Canyon//SRAM Racing 8:30