
Dobäi sinn direkt 7 Coureure vu Jumbo-Visma vum Coronavirus betraff. D’Ekipp ass dann och schonn en Donneschdeg komplett net méi ugetrueden. Weider falen den Adam Yates vun Ineos Grenadiers, de Sören Kragh Andersen, de Casper Pedersen an de Cees Bol all vun DSM wéinst dem Coronavirus aus.
Komplett zeréckgezunn hu sech d’Ekippe vu Bahrain Victorious an Alpecin - Fenix. Bei Bahrain Victorious haten den Gino Mäder an den Hermann Pernsteiner wéinst Moproblemer opginn a kruten elo e positiivt Testresultat, dowéinst huet sech déi ganz Ekipp zeréckgezunn.
Net méi mat dobäi ass dann och d’Ekipp UAE Emirates. Fir d’éischt war hei de Marc Hirschi positiv getest ginn an du kuerz drop och den Diego Ulissi. Dowéinst huet d’Direktioun vun der Ekipp d’Decisioun geholl, fir sech komplett zeréckzezéien.
Net méi mat dobäi ass och de Leader Aleksander Vlasov. Och hie gouf positiv getest.
D’Organisateure vun der Tour de Suisse wëllen aktuell d’Course awer net ofsoen, sou datt elo emol nach weidergefuer gëtt.