Tour de Suisse: 2. EtappLeknessund wënnt en solitaire, Jungels fiert mam Peloton iwwer d'Arrivée

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg goung et op der 2. Etapp vum Tour de Suisse iwwer 198 Kilometer vu Küsnacht op Aesch.
© Vincent Curutchet (Archiv)

Um Enn konnt sech den Andreas Leknessund en solitaire duerchsetzen. Den Norweger konnt sech aus enger Echappée eraus ofsetzen an hat um Enn eng Avance vun 38 Sekonnen op de Peloton. Den Alberto Bettiol gouf den Zweeten an de Michael Matthews huet de Podium komplettéiert. De Bob Jungels gouf de 44. och op 38 Sekonnen.

Am General ass de Stephen Williams weiderhin de Leader. Hien huet eng Avance vu 4 Sekonnen op de Maximilian Schachmann a vu 6 Sekonnen op den Andreas Kron. De Leknessund ass hei elo de 4. op 7 Sekonnen. De Bob Jungels ass do den 30. op 1 Minutt an 1 Sekonn.

Klassement vun der 2. Etapp

1 LEKNESSUND Andreas Team DSM
2 BETTIOL Alberto EF Education-EasyPost 0:38
3 MATTHEWS Michael Team BikeExchange - Jayco ,,
4 PASQUALON Andrea Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
5 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates ,,
6 ARNDT Nikias Team DSM ,,
7 KÜNG Stefan Groupama - FDJ ,,
8 ZAMBANINI Edoardo Bahrain - Victorious ,,
9 OSS Daniel TotalEnergies ,,
10 OLDANI Stefano Alpecin-Fenix ,,

D’Generalklassement no der 2. Etapp

1 WILLIAMS Stephen Bahrain - Victorious
2 SCHACHMANN Maximilian BORA - hansgrohe 0:04
3 KRON Andreas Lotto Soudal 0:06
4 LEKNESSUND Andreas Team DSM 0:07
5 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 0:10
6 LUTSENKO Alexey Astana Qazaqstan Team ,,
7 KUSS Sepp Jumbo-Visma ,,
8 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates ,,
9 POZZOVIVO Domenico Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
10 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe ,,

Back to Top
CIM LOGO