Europameeschterschaft am CyclissemLëtzebuerg gewënnt Bronze am Mixed Relay

RTL Lëtzebuerg
D'Nina Berton, den Alex Kirsch, de Mathieu Kockelmann, d'Marie Schreiber, d'Liv an de Mats Wenzel haten um Enn e Retard vun 3 Minutten a 34 Sekonnen op d'Gewënner aus Frankräich.

Op der Europameeschterschaft am Vëlosport zu Ljubljana a Slowenien huet déi Lëtzebuerger Ekipp e Mëttwoch de Mëtteg d'Bronzemedail gewonnen. No 44 Kilometer huet sech d'FSCL-Ekipp hanner Frankräich an Italien op der 3. Plaz klasséiert.

D'Marie Schreiber, d'Nina Berton, d'Liv Wenzel zesumme mam Alex Kirsch, dem Mathieu Kockelmann an dem Mats Wenzel haten e Retard vun 3 Minutten a 34 Sekonnen op déi franséisch Ekipp ronderëm ënner anerem de Bruno Armirail. Italien louch eng Minutt an 12 Sekonnen hannert de Gewënner. 

Bei de Junioren huet d'FSCL-Ekipp mam Maximilien Outlet, dem Wilhelm Thijs König, dem Elena Lopes, dem June Nothum, dem Amy Breuer an dem Thibault Hansen um Enn déi 5. Plaz konnte feieren. Si haten e Retard vun enger Minutt a 35 Sekonnen op d'Gewënner aus Italien.

Hei d'Resultater am Iwwerbléck

Elite Mixed Relay, Results.pdf
Junior Mixed Relay, Results.pdf

Back to Top
CIM LOGO