
An der Preselektioun fir d’Grande Boucle ass bei der franséischer Formatioun Groupama-FDJ de Lëtzebuerger Kevin Geniets mat dran. Als Preparatioun op den Tour de France fiert de Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets vun e Sonndeg un de Critérium du Dauphiné.
Fir den Tour ze preparéieren, kënnt een net laanscht den Dauphiné oder den Tour de Suisse. De Gaudu fiert Dauphiné, de Pinot den Tour de Suisse. Alleguerten, déi den Tour virbereeden, fënnt een op deenen zwou Courssen erëm. Et geet drëm, fir dee leschte Schlëff ze huelen an ze kucken, wou ee steet, vis-à-vis vun deenen aneren. Et kann een zwar net méi vill retten oder gutt maachen, wann et net esou gutt leeft. Et ass awer wichteg, nees an de Course-Rhythmus ze kommen, no enger Paus.
De Critérium du Dauphiné gëtt vun e Sonndeg un all Dag bei de Kolleege vun der Tëlee live iwwerdroen.