3-Länner-ChampionnatLoïc Bettendorff neien nationalen Espoir-Champion

RTL Lëtzebuerg
Zu Dikrech sinn e Sonndeg déi national Espoir-Champione gesicht ginn.
© Raoul Michels

Beim 3-Länner-Championnat (Schwäiz, Däitschland a Lëtzebuerg) war de Jannis Peter aus Däitschland dee Séiersten. Hie ka sech zu Dikrech am Sprint virum Schwäizer Nils Brun duerchsetzen.

De Loïc Bettendorff klasséiert sech als 6. mat engem Réckstand vun 12 Sekonnen op de Jannis Peter. Domat war hie beschte Lëtzebuerger an ass gläichzäiteg neien nationalen Espoir-Champion. Zäitgläich mam Loïc Bettendorff fiert de Lëtzebuerger Arthur Kluckers als 7. iwwert d’Arrivée. De Mats Wenzel gëtt den 13. an de Cédric Priers de 14 am 3-Länner-Championnat.

PDF: D'Resultat vun der kompletter Course

Back to Top
CIM LOGO