Tour de France fir DammenMam Christine Majerus ass eng Lëtzebuergerin um Depart

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Tour de France fir Männer gëtt et dëst Joer och een Tour de France fir Dammen.
© AFP (Archiv)

Nodeems an de leschte Joren d’Frae just eng Eendagescourse ronderëm d’Champs Elysées gefuer sinn, steet dëst Joer eng richteg Etappecourse um Programm. Allerdéngs keng 3 Woche wéi bei den Hären, mä 8 Etappen. Fir d’Christine Majerus ass dat eng gutt Léisung.

Extrait Christine Majerus

Déi 8 bis 10 Deeg Coursse si fir Fraen, mat deenen Ekippen, mat deem Staff, mat der Unzuel vu Coureuren a mam Recht vum Rennprogramm genau richteg. Et sinn awer och aner Courssen, déi schéi sinn an déi däerfe mir net vergiessen. Schlussendlech si mir wéinst deenen do, wou mir elo sinn. Si sprangen elo schéin op deen Zuch, deen um rullen ass. No baussen ass et awer eng grouss Symbolik, datt mir elo och kënne soen, datt mir den Tour de France fueren. Et ass méi Symbolik dohanner, wéi d’Course selwer.

Den Depart vum Tour de France fir Dammen ass e Sonndeg zu Paräis. D’Arrivée ass sonndes drop op der Planche des Belles Filles. D’Christine Majerus ass déi eenzeg Lëtzebuergerin, déi bei der éischter Editioun mat dobäi ass.

Back to Top
CIM LOGO