Zwee Méint virum Tour de FranceMarcel Kittel an d'Team Katusha-Alpecin gi getrennte Weeër

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Sprinter Marcel Kittel ass dëst Joer net beim Tour de France dobäi. De Kontrakt mat sengem Team gëtt opgeléist.

Eigentlech sollt säi Kontrakt nach bis Enn des Joer lafen. De Marcel Kittel huet awer elo decidéiert, säi Kontrakt mam Team Katusha-Alpecin opzeléisen, nodeems et an der Lescht ëmmer nees Turbulenze gouf.

Hie wéilt sech elo eng Auszäit gënnen, fir erauszefannen, wou säi Wee hien an der Zukunft soll hiféieren, heescht et am Communiqué vu senger Ekipp. E wéilt iwwert seng Ziler nodenken a sech e Plang fir d’Zukunft maachen.

Hien huet awer ausgeschloss, dass dëst d’Enn vu senger Karriär wier. Hie wéilt och an Zukunft weider Course fueren.

Back to Top
CIM LOGO