Tour de l'Avenir: 3. EtappMarie Schreiber a Mathieu Kockelmann kommen op déi fënneft Plaz

RTL Lëtzebuerg
Gewonne gouf d'Course bei den Häre vum Carl-Frederik Bévort. Bei den Damme war d'Célia Gery déi Séiersten.
© Val Wagner (Archiv)

Op der 3. Etapp vum Tour de l’Avenir bei den Häre goung et iwwer hiwweleg 158,6 Kilometer vun Etang-sur-Arroux op Châtillon-sur-Chalaronne. Mat enger klenger Avance vun 12 Sekonne konnt sech den Dän Carl-Frederik Bévort behaapten. Beschte Lëtzebuerger war en Dënschdeg de Mathieu Kockelmann als Fënneften. Hien hat op der Arrivée ee Retard vun 12 Sekonnen op de Vainqueur. Mat der selwechter Zäit hu sech de Mil Morang, den Alexandre Kess an den Arno Wallenborn klasséiert. Den Noé Ury an de Mats Berns haten e Retard vun enger Minutt a 6 Sekonnen op de Carl-Frederik Bévort.

Am General bleift de Maxime Decomble weiderhi vir. Hien huet eng Avance vu sechs Sekonnen op den Dän Simon Dalby an den Australier Jack Ward. Beschte Lëtzebuerger ass do den Arno Wallenborn als 8. op 19 Sekonnen. Den Alexandre Kess huet als 11. 35 Sekonne Retard. Fir de Mil Morang ass et déi 69. Plaz op dräi Minutten an zwou Sekonnen, fir de Mathieu Kockelmann ass et déi 71. Plaz op dräi Minutten an zwou Sekonnen, fir den Noé Ury ass et déi 121. Plaz op eelef Minutten a 47 Sekonnen a fir de Mats Berns ass et déi 127. Plaz op 14 Minutten a 35 Sekonnen.

D’Dammen haten en Dënschdeg 80,8 Kilometer vum Parcours vun den Hären ze fueren. Um Enn konnt sech d’Célia Gery duerchsetzen. Si hat eng Avance vun dräi Sekonnen op d’Linda Riedmann aus Däitschland a sechs Sekonnen op d’Fleur Moors aus der Belsch. D’Marie Schreiber koum als bescht Lëtzebuergerin mat engem Retard vu 7 Sekonnen op Plaz 5. D’Liv Wenzel gouf déi 34. op 31 Sekonnen, d’Gwen Nothum op 5 Minutten a 37 Sekonnen déi 77.

D’Isabella Holmgren bleift Leaderin am General. Si huet eng Avance vu 17 Sekonnen op d’Italieenerin Eleonora Ciabocco an d’Talia Appleton. D’Marie Schreiber läit do mat engem Retard vun enger Minutt op Plaz 14. D’Liv Wenzel steet do op Plaz 38 mat engem Réckstand vun enger Minutt a 24 Sekonnen an d’Gwen Nothum op Plaz 74 mat engem Retard vun 29 Minutten an 48 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO