
Beim Cyclocross-Weltcup zu Overijse an der Belsch ass d’Marie Schreiber bei der Victoire vum Puck Pieterse (Alpecin - Deceuninck) op déi 15 Plaz mat engem Réckstand vun iwwer 4 Minutte gefuer. Opgrond vun am ganze 5 Chutten an der leschter Ronn war e bessert Resultat um Sonndeg net méi dran. Trotz der Péng ass d’Marie Schreiber bis zu Enn gefuer.
Op déi 2. Plaz fiert d’Fem van Empel an déi 3. Plaz um Podium ass fir d’Shirin van Androoij. Op deenen éischte 6. Plazen hu sech jeeweils just Hollännerinne klasséiert.
AM UCI Wolrd Cup steet d’Marie Schreiber mat 48 Punkten op der 13. Plaz. D’Fem van Empel steet do mat 190 Punkten un der Spëtzt.
1 PIETERSE Puck ALPECIN - DECEUNINCK 52:44
2 VAN EMPEL Fem SAUZEN - BINGOAL + 1:03
3 VAN ANROOIJ Shirin BALOISE TREK LIONS +1:36
4 BRAND Lucinda BALOISE TREK LIONS +1:51
5 ALVARADO Ceylin Del Carmen ALPECIN - DECEUNINCK +1:56
6 VAN ALPHEN Aniek 777 +2:09
7 HONSINGER Clara + 2:16
8 LAUZEL Hélene AS BIKE RACING +2:32
9 VAN DER HEIJDEN Inge 777 +3:03
10 BETSEMA Denise PAUWELS SAUZEN - BINGOAL +3:06
15 SCHREIBER Marie Tormans Cyclo Cross Team +4:29