Cyclocross-EM zu NamurMarie Schreiber kënnt no gudder Leeschtung op déi 4. Plaz

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg ass d'Marie Schreiber op der Cyclocross-EM zu Namur bei den U23-Dammen un den Depart gaangen.
Cyclocross-EM zu Namur: 4. Plaz fir d'Marie Schreiber
E Sonndeg de Mëtteg ass d’Marie Schreiber op der Cyclocross-EM zu Namur bei den U23-Dammen un den Depart gaangen.

D’Puck Pieterse aus Holland huet sech souverän den Europameeschtertitel bei den U23-Damme geséchert. De Podium gouf komplettéiert vum Line Burquier aus Frankräich an der zweeter Hollännerin Shirin van Anrooij. D’Marie Schreiber koum op déi gutt 4. Plaz mat engem Retard vun 1 Minutt a 46 Sekonnen.

D'Marie Schreiber am RTL-Interview
D’Lëtzebuergerin ass e Sonndeg bei der Cyclocross-EM zu Namur bei den U23-Dammen déi staark Véiert ginn.

D’Marie Schreiber hat en ideale Start erwëscht a konnt sech direkt un d’Spëtzt setzen, iwwerdeems ënnert anerem d’Shirin van Anrooij aus Holland net dee beschten Depart hat. D’Lëtzebuergerin konnt sech dann och an der Suite liicht ofsetzen, gouf no gutt 4 Minutten awer vum Puck Pieterse ageholl an och iwwerholl.

Nom éischten Tour louch d’Marie Schreiber op der gudder zweeter Plaz mat engem Retard vun 12 Sekonnen op d’Puck Pieterse. Am Verlaf vum zweeten Tour huet déi jonk Lëtzebuergerinnen dunn och déi zweet Plaz missen ofginn, do gouf si vun der Franséisin Burquier iwwerholl a spéiderhin och nach vum Shirin van Anrooij. Deemno ass d’Marie Schreiber op déi 4. Plaz zeréckgefall.

Iwwerdeems sech un der Spëtzt d’Weltmeeschterin Puck Pieterse ëmmer weider ofsetze konnt, huet d’Marie Schreiber op d’Zänn gebass, fir um Burquier a van Anrooij drun ze bleiwen, huet se awer liicht missen zéie loossen.

Dëst Lach sollt d’Lëtzebuergerin net méi zoumaachen, ma vun hanne koum a Persoun vum Zoe Backstedt aus Groussbritannein nach eemol eng weider Kontrahentin un d’Marie Schreiber erun. Déi 4. Plaz konnt d’Lëtzebuergerin awer verdeedege bis zum Schluss an opgrond vun enger Chute vum Shirin van Anrooij war esouguer zum Schluss nach eemol déi 3. Plaz dran. Um Enn hunn do awer e puer Sekonne gefeelt. Deemno wënnt Pieterse viru Burquier, van Anrooij a Schreiber.

Vill Lëtzebuerger op der Cyclocross-EM zu Namur
Si hunn d’Marie Schreiber ënnerstëtzt, wat bei den U23-Dammen op déi staark 4. Plaz gefuer ass.

Junioren:

Bei de Juniore kënnt den Noa Berton op déi 29. Plaz mat engem Retard vun 2 Minutten a 34 Sekonnen op den neien Europameeschter Léo Bisiot aus Frankräich. De Rick Meyländer klasséiert sech als 53. op 6 Minutten an 22 Sekonnen.

D’Course vun den U23-Dammen am Replay

Cyclocross-EM: U23-Dammen
Déi ganz Course am Replay.

RTL-Artikel: Cyclocross-EM zu Namur: Michael Vanthourenhout gëtt Europameeschter

Back to Top
CIM LOGO